Neijoerschdag

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Sydney : Freedefeier zum Joer 2006

Neijoer oder Neijoerschdag ass den éischten Dag vum Kalennerjoer. A bal alle Kulturen, mä mat ganz ënnerschiddlechen Zäitrechnungen an domat och Kalenneren, ass mat dem Neijoer och e Neijoerschfest verbonnen, dat domatt och zu verschiddenen Zäite gefeiert gëtt:

Inhaltsverzeechnes

Neijoer am westleche Kulturraum[änneren]

Am westleche Kulturraum ass den 1. Januar als Termäin fir de Joresufank zënter dem Mëttelalter wäit verbreet. Onofhängeg dovu gouf a gëtt et a jee no Regioun verschidden Neijoerschtermäiner.

Ze beuechte si folgend, virun allem am kierchleche Beräich gebrauchte Varianten:

Am Joer 153 v. Chr. hunn d'Réimer no hirem Kalenner de Joresufank vum 1. Mäerz op den 1. Januar, op den Dag vum Amtsuntrëtt vun de Konsule verluecht. Si hunn d'Joren och no den Amtszäite vun de Konsule genannt. Domat hunn och d'Zuelméint (September, de siwenten, Oktober, den aachten, November, den néngten, Dezember, den zéngten) hir entspriechend Positioune verluer.

Bis zum Festleeë vum Neijoerschdag am Joer 1691 duerch de Poopst Innozenz XII. op den 1. Januar huet a wäiten Deeler vun Europa de 6. Januar als Joresufank gezielt.

Allgemeng[änneren]

Haut gehéieren a ville Länner Freedefeier a Knupperten zu Silvester a Joreswiessel, esou wéi Gléck- a Gesondheetswënsch am neie Joer.

Sou wënscht ee sech zum Beispill dacks „e gudde Rutsch“ an dat neit Joer. Dëst huet wahrscheinlech awer näischt mat „rutschen“ ze dinn, mä et kënnt op dat hebräesch „rosch“ 'Kapp, Ufank' zréckgoen; dat jiddescht Neijoerschfest heescht op Hebräesch Rosch ha-Schanah (ראש השנה).

Grouss Kultur- a Sinfonieorchestere spillen am neie Joer dacks en Neijoerschconcert.

Literatur[änneren]

  • Fritz Bünger: Geschichte der Neujahrsfeier in der Kirche. Göttingen 1911.
  • Hermann Grotefend: Zeitrechnung des deutschen Mittelalters und der Neuzeit. 3. Bände, 1891-1898. Anmerkung: Obwohl im Titel von deutscher Zeitrechnung die Rede ist, stellt der Grotefend einen umfassenden Blick auf sehr viele Zeitrechnungen dar.

Kuckt och[änneren]

Um Spaweck[änneren]

Commons: Neijoerschdag – Biller, Videoen oder Audiodateien