Neimillen (Wëntger)

Vu Wikipedia
Neimillen
D'Neimillen bei Houfelt (2014)
An anere Sproochen fr: Neumühle
de: Neumühle
Land Lëtzebuerg
Kanton Klierf
Gemeng Wëntger
Buergermeeschter Lucien Meyers (CSV)
Koordinaten 50° 04’ 47’’ N
      05° 55’ 15’’ O

D'Neimillen ass e Lieu-dit an der Gemeng Wëntger a läit am Dall vun der Trëtterbaach um CR362, ongeféier op hallwer Streck tëscht dem Antoniushaff an Houfelt. Vun der Trëtterbaach goufen och d'Rieder vun der Millen ugedriwwen, déi op där Plaz bedriwwe gouf.

D'Gebai vun der fréierer Millen ass zanter dem 15. Februar 1990 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun den nationale Monumenter ageschriwwen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1756 gouf et e Plang fir eng Millen op där Plaz ze bauen deen awer aus onbekannte Grënn net realiséiert gouf. D'Millen gouf dunn e puer Joer méi spéit 1759 vum Georg Closter gebaut. De Muelbetrib gouf nom Zweete Weltkrich agestallt, d'Mille war awer nach bis ëm 1970 betribsfäeg.

Bis zum Éischte Weltkrich hat d'Millen zwéi Gäng an zwee Waasserrieder. Se gouf benotzt fir d'Fruucht fir Brout an Déierefudder ze muelen, fir Fluess a Raps ze schloen a fir Holz ze seeën. Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Millen nach mat verschiddenen neien Installatioune moderniséiert.

D'Mille war vun Ufank u bis 1990 ëmmer am Besëtz vun der selwechter Famill. Vun 1904 bis 1912 war se verpacht a vun 1912 bis 1918 ass net dra geschafft ginn.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Informatiounen zur Geschicht stame vun engem Informatiounspanneau op der Strooss laanscht d'Millen, deen Deel vum Wëntger Millewanderwee ass.