Nekrophag

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gänsegeier a Spuenien déi e futtisen Hirsch kleng maachen

E Louderfrësser oder Nekrophag (vum Griicheschen νεκρός, nekrós „dout“ an φα[γ]ί, fa[g]í „Iessen“) ass en Déier dat Louder frësst.

Louder als Ernierungsquell[änneren | Quelltext änneren]

D'Liewe vun de meeschte Wierbeldéiere gëtt net vu Predatore geholl. An den afrikanesche Savanne gouf z. B. ofgeschat, datt ongeféier zwee Drëttel vun den Houfdéiere keng Affer vu Predatore ginn, mä duerch Ernierungsmanktem, Parasiten a Krankheeten oder Accidenter stierwen.[1] Och kleng Déiere wéi Mais mat hiren ville Friessfeinde stierwen zu ëmmerhin zirka 40 % aus natierleche Grënn.[2] Obwuel d'Offer vu verloudertem Fleesch tëscht verschiddene Liewensraim an zu verschiddenen Zäite staark variéiert, ass se vill méi grouss wéi dacks ugeholl gëtt. Bei konventionellen Etüden iwwer d'Ernierung vu Wierbeldéierenaarte gëtt dëst heefeg iwwersinn, well z. B. aus Analyse vum Daarmcontenu kaum ofgeleet ka ginn, ob d'Ernierung vu frësch gefaangenen Affer oder vu souer déi scho méi laang dout sinn opgeholl gouf, oder well d'Ernierung nëmmen no benotzten Déieraarte spezifizéiert gëtt. Vill Studien hu bewisen datt ausgeluecht Déierekadavaren a kuerzer Zäit vu Louderfrësser eliminéiert goufen. Dat gëllt och fir déi meescht Läichen, z. B. a Bëscher oder ënner enger Schnéidecken, déi net déif genuch oder guer net begruewe goufen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Louderfrësser – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. D.C. Houston (1979): The adaptations of scavengers. – In: A.R.E. Sinclair & M.N. Griffiths (editors): Serengeti, dynamics of an ecosystem. Univ. of Chicago Press. S. 263–286.
  2. R. J. Putman (1976): Energetics of the decomposition of animal carrion. – Ph.D. thesis, University of Oxford.