Neptun (Mythologie)

Vu Wikipedia
Triumph vum Neptun (réimesche Mosaik aus dem 3. Jh.)

Den Neptun (Latäin neptunus; etruskesch netun(u)s) ass e réimesche Gott, equivalent zum griichesche Waassergott Poseidon. En ass de Gott vun de fléissende Gewässer bis en ufangs 3. Joerhonnert dem Poseidon gläichgestallt gouf a sou och als Mieresgottheet unerkannt ginn ass. Der Mythologie no sinn seng Elteren de Saturn an d'Ops a seng Bridder de Pluto an de Jupiter, ausserdeem ass hie mat der Amphitrite bestuet, déi och als Mamm vun den Zyklope bekannt ass. Et ass ongewëss, ob den Triton och an der réimescher Mythologie säi Jong ass an ob hien iwwerhaapt Nokommen huet.

Duergestallt gëtt de Neptun meeschtens mat sengem Symbol, dem Dräizack an zesumme mat Miereswiesen oder Delphiner a mat laangen Hoer an engem laange Baart. Hie steet meeschtens op enger Prora oder engem Won gezu vun Delphinpäerd. Den Neptun wunnt an der Mieresdéift mat anere klenge Mieresgottheeten.

Kult[änneren | Quelltext änneren]

D'Fest vum Neptun am Réimesche Räich war dNeptunalia, déi an eisem Kalenner dem 23. Juli entsprécht. Doriwwer ass awer net vill bekannt, et weess ee just datt Hütten opgeriicht goufen. Ausserdeem waren him zwéin Tempelen um Marsfeld zu Roum gewidmet: ee beim Circus Flaminius an ee beim Pantheon.

Zanter der Renaissance ass den Neptun e beléift Motiv fir bei Pëtzer.

Et ass schwéier, de griichesche Gott Poseidon vum réimesche Gott Neptun z'ënnerscheeden, trotzdeem soll ee se net gläichsetzen, engersäits deele si zwar hir Attributer an Eegenaarten, mä hir Originne sinn net déi selwecht.

Legenden[änneren | Quelltext änneren]

Vill Mythen a Legende vum Poseidon goufe vun de Réimer iwwerholl; eng ganz bekannt ass déi vu senger Gebuert. Wärend laangem waren de Saturn an d'Ops d'Herrscher iwwer d'Universum. De Saturn, dee vum Uranos a vun der Gaia gewarnt gouf, datt ee vu senge Kanner hie vum Troun stousse géif, wollt sengem Schicksal entkommen, andeem e seng Kanner gefriess huet. Nom Jupiter senger Gebuert huet d'Ops hien op Kreta verstoppt an dem Papp, amplaz vum Jupiter, een a Wëndelen ëmwéckelte Steen zum Friesse ginn. Als Erwuessenen, zwéngt de Jupiter säi Papp Saturn seng Geschwëster erauszespäizen. Nodeem d'Universum ënner den dräi Bridder, Jupiter, Neptun a Pluto, gedeelt gouf, krut den Neptun d'Mier, d'Inselen an d'Gewässer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]