Neptun (Planéit)
Den Neptun ass deen aachten a bausseschte Planéit am eisem Sonnesystem a gouf am Joer 1846 entdeckt. Hien ass benannt no dem Neptun, dem réimesche Gott vun de Mieren an de Fléissgewässer, a gëtt zu de jupiterähnlechen (iovianeschen) Planéite gezielt. Säin Zeechen ( ♆ ) ass e stiliséierten Dräizack, d'Waff vum Miergott Neptun.
De kompakte Gasplanéit (Dicht 1,64 g/cm³) dominéiert duerch seng grouss Mass (17 × Äerd) dat baussescht Sonnesystem a beaflosst d'Bunn vu ville klengen Himmelskierpere wéi déi vun de Plutonoen, den Asteroiden an den Transneptunen.
Inhaltsverzeechnes |
Ëmlafbunn [änneren]
Den Neptun huet eng bal perfekt kreesfërmeg Ëmlafbunn mat enger Exzentrizitéit vun 0,0113. Säi sonnennächste Punkt, de Perihel, läit bäi 29,709 AE a säi sonnewäitste Punkt, den Aphel, bäi 30,385 AE. Hien ass domat de bausseschte Planéit vum Sonnesystem. Seng Bunngläich ass mat 1,769° nëmme liicht géint d'Ekliptik geneigt. Fir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch de Neptun ronn 165 Joer.
Opbau [änneren]
Den Neptun kann net mat bloussem A gesi ginn. An engem staarken Teleskop erschéngt hien als blogréng Scheif, ähnlech wéi säi banneschten Nopeschplanéit Uranus. Déi blogréng Faarf gëtt duerch de Methan, dat an der Atmosphär ass, verursaacht. Säin Duerchmiesser ass 49.248 km. Den Neptun ass eppes méi kleng wéi den Uranus an de véiertgréisste Planéit am Sonnesystem. No senger Mass ze beurteelen ass hien deen drëttschwéiersten.
Mound- a Ranksystem [änneren]
Mounde [änneren]
Den Neptun huet 13 bekannte Mounden. Dee bäi wäitem Gréissten ass dee vum William Lassell 17 Deeg no der Entdeckung vum Neptun entdeckte Mound Triton. Am Géigesaz zu allen anere grousse Mounde vun de Planéiten am Sonnesystem leeft hie retrograd (entgéintgesat vun der Planéiterotatioun) ëm de Neptun a kënnt deem lues a lues op enger Spiralbunn ëmmer méi no. Dem Neptun säin zweete Begleeder den Nereid huet eng vun deenen exzentreschsten Ëmlafbunne vun alle Mounden am Sonnesystem.
Vu Juli bis September 1989 huet d'Raumsond Voyager 2 sechs nei Neptunmounden entdeckt. Aus dëse stécht den irregulär geformte Proteus ervir, datt hie grad nach ze kleng ass, fir net vu senger eegener Schwéierkraaft a Kugelform gezunn ze ginn. Déi véier bannescht Neptunmounden Naiad, Thalassa, Despina an Galatea hunn Ëmlafbunne bannescht den Neptunrénk. Dee vu bannen nächste Mound Larissa gouf ursprénglech 1981 entdeckt, wéi hien e Stär bedeckt huet. Am Ufank ass ugeholl ginn, datt et en Deel vun engem Neptunrankbou wier, awer d'Voyager 2 huet 1989 den Neptun erfuerscht a festgestallt, datt déi Stärebedeckung duerch e Mound geschitt ass.
D'Entdeckung vu fënnef weideren irreguläre Mounden vum Neptun goufen 2004 bekannt.
Ranksystem [änneren]
Den Neptun huet e schwaach ausgeprägte Ranksystem vun onbekannter Zesummesetzung. D'Réng hunn eng "knubbeleg" Struktur, där hir Ursaach bis elo net gekläert ass, déi awer aus der Gravitatiounswiesselwierkung mat klenge Mounden an der Rankëmgéigend hirféiere kéint.
Unzeechen op onvollstänneg Rankbéi goufe Mëtt vun den 1980er Jore fonnt, wéi Observatioune vun enger Stärebedeckung duerch den Neptun zousätzlech Verdäischterunge virun an no der Bedeckung vum Stär duerch de Planéit gewisen hunn. Biller vun der Raumsond Voyager 2 hunn den Opbau vum Ranksystem gekläert, dat aus vill liichtschwaachen an dënne Réng besteet.
De bausseschte Rank, Adams, huet dräi däitlech Rankbéi, déi d'Nimm Liberté, Égalité a Fraternité kritt hunn. D'Existenz vun de Rankbéi ass schwiereg z'erklären, well d'Bewegungsgesetzer vermudde loossen, datt iwwer eng ganz kleng Zäitskala d'Rankbéi sech zu vollstännege Réng verdeele kënnen. Gravitatiounseffekter vum Mound Galatea, deen direkt banne vum Adams-Rank kreest, verursaache méiglecherweis d'Begrenzung vun de Rankbéi.
Verschidden aner Réng goufe vun de Voyager-2-Kameraen entdeckt.
Zousätzlech zum schmuelen Adams-Rank, deen 62.930 km vum Zentrum vum Neptun ewech ass, gouf den Leverrier-Rank bei 53.200 km an de méi breeden, awer donkle Galle-Rank bei 41.900 km entdeckt. Déi bleech Ausdeenung vun den Leverrier-Réng no baussen, goufen nom Lassell benannt an ass op senger baussechter Kant duerch den Arago-Rank bei 57.600 km begrenzt.[1]
Nei, am Joer 2005 publizéiert Ënnersich weisen, datt d'Réng vum Neptun däitlech méi onstabill sinn, wéi bis elo ugeholl. De Liberté-Rankbou kéint a manner wéi engem Joerhonnert verschwonne sinn.
| Rank | Radius (km) | Breet (km) | Bemierkungen |
|---|---|---|---|
| 1989 N3R ('Galle') | 41.900 | 15 | Genannt nom Johann Gottfried Galle |
| 1989 N2R ('Leverrier') | 53.200 | 15 | Genannt nom Urbain Le Verrier |
| 1989 N4R ('Lassell') | 55.400 | 6 | Genannt nom William Lassell |
| Arago Rank | 57.600 | - | Genannt nom François Arago |
| Liberté Rank-Bou | 62.900 | - | "virauslafende" Rankbou |
| Égalité Rank-Bou | 62.900 | - | "equidistante" Rankbou |
| Fraternité Rank-Bou | 62.900 | - | "nofolgende" Rankbou |
| Courage Rank-Bou | 62.900 | - | |
| 1989 N1R ('Adams') | 62.930 | <50 | Genannt nom John Couch Adams |
Trojaner [änneren]
Zënter Juni 2006 sinn am Total véier Neptun-Trojaner bekannt (2001 QR322, 2004 UP10, 2005 TN53 an 2005 TO74). D'Objete lafen dem Planéit 60° um Lagrangepunkt L4 viraus. Bis elo goufen nach keng Trojaner op L5 nogewisen.
Erfuerschung / Geschicht [änneren]
De John Couch Adams souwéi de franséische Mathematiker Urbain Le Verrier hunn, no Anomalië vun der Uranusbunn, onofhängeg vuneneen d'Positioun berechent, op där den onbekannte Planéit misst sinn. Déi geneeste Berechnung war déi vum Le Verrier. Opgrond vu senge Berechnungen ass et dem Johann Gottfried Galle, Direktor vum Berliner Observatoire gelongen, zesumme mat sengem Assistent Heinrich Louis d'Arrest den 23. September 1846 de Planàit Neptun z'entdecken. Déi tatsächlech Positioun louch nëmme ganz wéineg vun der berechenter Positioun ewech.
Spéider huet sech erausgestallt, datt schonns de Galileo Galilei den Neptun den 28. Dezember 1612 gesinn hat. Aus sengen Opzeechnunge vum Januar 1613 geet eng Observatioun vun der Konjunktioun mat dem Jupiter ervir, bei där de Galilei den Neptun awer fir e Jupitermound bzw. e Fixstär gehalen huet. Hätt hien de Neptun nëmmen e puer Deeg méi fréi gekuckt, wier seng Bewegung um Himmel vill méi däitlech gewiescht.
Mat enger Ëmlafzäit vun 165 Joer wäert den Neptun am Joer 2011 fir d'éischt erëm déiselwecht Plaz passéieren, op där de Johann Gottfried Galle hien entdeckt hat. Eréischt dann ass eng komplett Ëmlafbunn vum Neptun tatsächlech observéiert ginn.
Am August 1989 war d'Voyager 2 déi éischt a bis elo eenzeg Raumsond, déi den Neptun aus nooster Ëmgéigend erfuerscht huet. Si ass iwwer den Nordpol vum Neptun geflunn an huet de Planéit op enger Distanz vun 4.950 Kilometer passéiert.
Siichtbarkeet [änneren]
D'Siichtbarkeet ass ënner Neptunpositioune bis 2020 uginn.
| Konjunktioun | Stationär, dann réckleefeg | Oppositioun | Stationär, da rietsleefeg | |||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Datum | Distanz | Hellegkeet | vis. Duerchmiesser | |||
| 6. Februar 2006 | 22. Mee 2006 | 11. August 2006 | 29,03948 AE | 7,8 mag | 2,31″ | 29. Oktober 2006 |
| 8. Februar 2007 | 25. Mee 2007 | 13. August 2007 | 29,03193 AE | 7,8 mag | 2,31″ | 31. Oktober 2007 |
| 11. Februar 2008 | 26. Mee 2008 | 15. August 2008 | 29,02412 AE | 7,8 mag | 2,31″ | 2. November 2008 |
[änneren]
Am Joer 1941 gouf dat 93. an deemools virlescht bekannt Element a Fortsetzung vun där mat dem Uran ugefaangener Rei no dem virleschte Planéit als Neptunium benannt.
Literatur [änneren]
- William Sheehan, Nicholas Kollerstrom, Craig B. Waff: Die Neptun-Affäre. Spektrum der Wissenschaft, April 2005, S. 82–88 (2005), ISSN 170-2971
- P. Moore, G. Hunt et al.: Atlas des Sonnensystems. Royal Astronomical Society und Herder-Verlag, 465p., Freiburg – Basel – Wien 1986.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Neptun – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Hubble-Video von Neptuns Atmosphäre und seinen Monden
- (de) Galileis Neptun-Beobachtung im Januar 1613
- (en) Liste Neptunmonde
- (en) Liste der Neptun-Trojaner
Referenzen [änneren]
- ↑ Gazetteer of Planetary Nomenclature Ring and Ring Gap Nomenclature (December 8, 2004). USGS - Astrogeology Research Program.
Sonn - Merkur - Venus - Äerd - Mars - Asteroidenceinture - Jupiter - Saturn - Uranus - Neptun - Pluto - Koméiten - Kuiperceinture - Oort-Wollek - Asteroid - Tabellaresch Iwwersiicht vun de Planéiten an Zwergplanéiten