Nesselsucht

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Erste hilfe.svg Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezin-Artikelen. Dës Informatioune sinn zur allgemenger Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!

Nesselsucht (oder: Urtikaria) ass eng Hautkrankheet wou sech op der Haut Quaddelen bilden an et zu staarken Hautreizungen ka kommen. A ville Fäll verginn dës Reizungen erëm esou séier wéi se komm sinn, kënnen awer och a méi schwéiere Fäll chronesch ginn.

Nesselsucht um Been

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Symptomer

Op der Haut bilde sech rout Schwellungen an et kënnt zu staarken Hautreizungen, déi zum Kraze verleeden.

[änneren] Ursaachen

Zu den Ursaachen zielen allergesch Reaktiounen, wéi z.B. op bestëmmte Liewensmëttel, Hëtzt, Keelt oder de Kontakt mat verschiddene Stoffer. Bei de Liewensmëttel sinn et virun allem Nëss, Äerdbieren, Mieresfriichten oder Fësch wou et zu der Nesselsucht ka kommen.

[änneren] Therapie

Fir d'Nesselsucht ze behandele soll ee just den Ausléiser erkennen, z.B. duerch Allegiertester, an en da vermeiden. Et kann een och e Medikament (Antihistaminika) huele fir datt d'Symptomer ofhuelen.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen