Netregierungsorgansiatioun
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Netregierungsorgansiatioun, ofgekierzt NRO oder NGO (fir Non-Governmental Organisation), ass eng net op Gewënn ausgeriichten Organisatioun, déi weder vun engem Staat nach vun enger Internationaler Institutioun ofhängt.
Eng NRO verfollegt normalerweis e But dee vun ëffentlechem Intressi ass, wéi z.B. d'Verdeedegung vun de Mënscherechter oder humanitär Hëllefsprojeten.
Déi lëtzebuergesch Bezeechnung Netregierungsorgansiatioun kënnt vum engleschen Ausdrock non-governmental organisation. NROe gëtt et awer u sech scho laang ier dee Begrëff an de Medien an an der Gesellschaft an d'Bewosstsinn eragetrueden ass. Ee Beispill sinn déi schonn am 19. Joerhonnert a verschiddene Länner gegrënnten national Routkräiz-Gesellschaften.

