Netto
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Netto kënnt aus dem Italieneschen an heescht esouvill wéi reng, ouni Verpakung, ouni derbäigerechent Fraisen, Steieren, asw.
De Contraire vun Netto ass Brutto, d'Differenz tëscht Brutto an Netto gëtt Tara genannt.
En Nettopräis ass deemno e Präis ouni d'TVA oder d'Ëmsazsteier; eng Nettopai ass, wat vun der Pai rescht ass, wann d'Steieren an d'Redevancë fir d'Sozialversécherung ofgezu sinn.