Neumann-Linnen

Vu Wikipedia
Neumannesch Linne

Neumann-Linne si Parallelofleef vu ganz renge Linnen op Eisemeteoritten déi sech deelwäis kräizen. Et gesäit ee se, wann een eng bestëmmt Aart vun Eisemeteoritten, nämlech Hexaedritten, déi nëmmen aus Kamacit bestinn, uschläift, poléiert a mat methanolhalteger Salpéitersaier reezt. Déi Linne sollen net mat de Widmanstätten-Struktur verwiesselt ginn, déi méi graff ass an déi et an den Hexaedritten net gëtt.

Et geet een dovun aus, datt d'Ursaach fir déi Struktur e Schockprozess ass, z. B. bei Meteorittenaschléi op Asteroiden.

Neumann-Linnen trieden och z. B. an der Gitterstruktur vun duerch Detonatioun ëmgeformte Metaller op. Hei dénge si ë. a. dem Nowäis enger sprengtechnescher Awierkung op Baudeeler. Si entstinn duerch Kompressioun vum mikrostrukturelle Metallgitter.

Wann ee sech eng Rei Kugele vun der selwechter Gréisst amplaz vu Metallatomer virstellt, da leie Nopeschkugele sou niewenteneen, datt all Kugel nëmmen eng Kugel vun der Nopeschrei beréiert. Duerch d'Awierkung vu grousser Kraaft gëtt d'Kugelrei elo sou verréckelt, datt all Kugel zwou Kugelen vun der Nopeschrei beréiert. Si gouf an d'Tëscheraim gedréckt.

D'Neumann-Linne sinn nom Johann G. Neumann benannt, dee si 1848 am Hexaedrit Braunau entdeckt hat, deen 1847 op d'Äerd gefall war.[1],[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Neumann, Johann G., Über die kristallinische Struktur des Meteoreisens von Braunau. Naturwissenschaftliche Abhandlungen Wien 3 (1849) 45-56.
  2. John G, Burke: Cosmic Debris, Meteorites in History. University of California Press, 1986.