Neutrino
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dëse Physiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
En Neutrino ass een elektresch neutraalt Elementardeelche mat enger ganz klenger Mass. Am Standardmodell vun der Elementardeelchephysik existéieren dräi Neutrinoen: den Elektron-Neutrino, de Myon-Neutrino an den Tau-Neutrino. Den Numm „Neutrino“ gouf vum Enrico Fermi proposéiert fir den Elektron-Neutrino, dee fir d'éischt entdeckt gouf, a bedeit (no der italienescher Verklengerunsform -ino) „klengen Neutron“.
Wann Neutrinoe mat Matière zesummestoussen, interagéieren se - anescht wéi déi aner bekannten Elementardeelercher - nëmmen iwwert d'Schwaach Wiesselwierkung. E Stroum vun Neutrinoe geet dohier bal ouni ofgeschwächt ze ginn duerch grouss Schichtdéckten - z. B. duerch d'Äerd. Deemno ass et schwiereg Neutrinoen experimentell nozeweisen.