New-Frontiers-Programm

Vu Wikipedia
Raumsond Juno

Den New-Frontiers-Programm ass ee vun de Programmer vun der NASA fir d'Erfuerschung vum Sonnesystem mat Raumsonden. D'Projete vun dësem Programm ginn an der laangfristeger Erkundungsstrategie vun der NASA (bis zirka 2020) als medium-class missions agedeelt a leien tëscht de klengen, einfache méi präiswäerten (300–500 Millioune US$) Missioune vum Discovery-Programm an de groussen, deieren (800–2800 Millioune US$), komplexe Flagship-Missiounen[1].

D'Fuerschungsstrategie fir den New-Frontiers-Programm gouf fir d'éischt – fir d'Raumsond New Horizons ënnerzebréngen – 2002 formuléiert an 2003 gouf den éischte Budget fir dëse NASA-Programm opgestallt. D'Bezeechnung geet zeréck op den John F. Kennedy, deen d'Sich no „neie Grenzen“ 1961 a säi Regierungsprogramm als innepolitescht Motto propagéiert hat.

Den New-Frontiers-Programm representéiert de Wandel vum neie Wee vun der NASA. D'NASA wëll elo méi e grousse Schwéierpunkt op d'Erfuerschung vum Sonnesystem leeën. Et sollen elo méi genee Ënnersich um Gebitt vun der Planetologie gemaach ginn. D'NASA huet déi wëssenschaftlech Associatiounen an den USA an op der ganzer Welt agelueden, sech um Programm ze bedeelegen.

Missiounen[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Sond, déi am Kader vun deem Programm 2006 gestart gouf, ass d'Pluto-Sond New Horizons.

Als zweet Sond gouf d'Juno am August 2011 op de Jupiter gestart.

2008 gouf ugefaange déi drëtt Missioun erauszesichen. Am Dezember 2009 huet d'NASA dräi Finalkandidate bekannt ginn[2]:

  • e Venus-Lander, deen d'Atmosphär an eng Buedemprouf ënnersiche soll. Numm: Venus In-Situ Explorer (VISE), an der Tëschenzäit ëmgenannt a Surface and Atmosphere Geochemical Explorer (SAGE).
  • OSIRIS-REx (Origins Spectral Interpretation Resource Identification Security Regolith Explorer), eng Sond, déi en Asteroid ënnersichen, op him landen, Gestengssprouwen huelen an op d'Äerd zeréckbrénge soll. Zil ass de (101955) Bennu, en äerdnoen Asteroid, deen am Joer 2170 mat enger Warscheinlechkeet vun 1:1800 d'Äerd trëfft. En zeechent sech duerch eng grouss kuelestoffhalteg Uewerfläch aus, op där méiglecherweis och komplex organesch Molekülle sinn[3].
  • MoonRise, soll Materialprouwen aus dem Südpol-Aitken-Becken vum Äerdmound op d'Äerd zeréckbréngen[4].

Déi dräi Finaliste kruten ufanks zousätzlech Mëttele fir e Plang am Detail auszeschaffen. Déi drëtt New-Frontiers-Missioun soll da spéitstens 2018 starten.

De 25. Mee 2011 huet d'NASA bekannt ginn, datt se sech fir d'Missioun OSIRIS-REx entscheet hätt[5].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. NASA Strategic Exploration Plans: https://web.archive.org/web/20130724152630/http://solar/system.nasa.gov/missions/future4.cfm. 20. August 2006
  2. NASA Chooses Three Finalists for Future Space Science Mission to Venus, an Asteroid or the moon: https://web.archive.org/web/20120406024130/http://www.nasa.gov/home/hqnews/2009/dec/HQ_09-296_New_Frontiers_Candidates.html 29. Dezember 2009
  3. Osiris-Rex New Frontiers Proposal: http://futureplanets.blogspot.com/2010/01/osiris-rex-new-frontiers-proposal.html 29. Dezember 2009
  4. MoonRise: ISRO und JPL wollen Mond erforschen
  5. NASA to Launch New Science Mission to Asteroid in 2016: http://www.nasa.gov/topics/solarsystem/features/osiris-rex.html 25. Mee 2011

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]