New Millennium Program

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
DRaumsond Deep Space 1 – déi éischt Missioun vum New Millennium Program (NASA)
Space Technology 5 (kënschtleresch Duerstellung)

Den New Millennium Program (NMP, lëtz. Neit-Joerdausend-Programm) ass zënter 1995 en Entwécklungsprogramm vun der NASA, am Kader vun deem Raumfaarttechnologië fir dat neit Joerdausend gepréift solle ginn. D'Missioune vum Programm dénge primär der Technologieerprouwung an nëmme sekundär der Fërderung vu wëssenschaftlechen Usiichten. Den New Millienium Program gëtt vum Jet Propulsion Laboratory organiséiert.

Ufanks waren d'Missiounen an d'Gruppen Deep Space (DS) fir interplanetar Missiounen an Earth orbiting (EO) fir Missiounen am Äerdorbit ënnerdeelt. No enger Reorganisatioun vum Programm goufen all weider Missiounen als Space Technology (ST) bezeechent.

Inhaltsverzeechnes

Missiounen [änneren]

Folgend Missioune stinn um New Millennium Program:

Gestart:

Agestallt:

  • EO-2 (SPARCLE) - Laserinstrument fir Atmosphärefuerschung - aus Budgetsgrënn 1998 agestallt.
  • ST-3 (fréier DS-3) - Duebelsatellit fir d'Teste vun interferometresche Stärobservatiounstechniken - aus Budgetsgrënn zum Labor-Experiment reduzéiert.
  • ST-4 (Champollion, fréier DS-4) - Missioun fir d'Fuerschung vu Koméiten - aus Budgetgrënn 1999 agestallt.
  • EO-3 (GIFTS) - Geostationäert Instrument fir Wiederobservatioun – gouf agestallt.
  • ST-8 – Tester vu verschiddenen Technologien (Computersystemer, Konstruktiounsstrukture fir Solarzellen, Mastelementer fir Sonnesegelen ë. a., Wäerm-Kontroll-System) - de Start op enger Pegasus-XL war fir den 28. Februar 2009 geplangt. An der Tëschenzäit agestallt.

Geplangt:

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

weider NASA-Programmer:

Um Spaweck [änneren]

Commons: New Millennium Program – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen [änneren]

  1. Earth Observing-1@nasa.gov
  2. Advanced Land Imager@nasa.gov (ofgeruff den 12. Oktober 2010)