New Order
New Order ass eng englesch New Wave-a Post-Punk-Band vu Manchester.
D'Band ass den Nofolger vun Joy Division, well d'Membere vun där Band ausgemaach haten, net méi ënner deem Numm opzetrieden, wann ee vun de Memberen d'Band géif verloossen. Wéi de Sänger Ian Curtis sech am Mee 1980 ëmbruecht huet, hunn déi aner dräi Bandmemberen d'Band opgeléist a sech als New Order nei forméiert.
Inhaltsverzeechnes |
Memberen [änneren]
Bei New Order huet de Gittarist Bernard Sumner d'Roll vum Frontsänger iwwerholl. Komplettéiert gouf d'Band duerch de Peter Hook (E-Bass), de Stephen Morris (Batterie) an der Gillian Gilbert (Keyboards). Während der Tour 2001 koum de Phil Cunningham (Keyboards,Gittar) plazeweis zum Asatz. Zanter 2004 spillt de Phil Cunningham permanent d'Keyboards, amplaz vu der Gillian Gilbert, déi sech fir op hir schwéier krank Duechter opzepassen aus der Band zréckgezunn huet.
Geschicht [änneren]
Déi éischte Verëffentlechunge vun New Order waren nach staark vun der Musek vun Joy Division beaflosst, well d'Kompositiounen deelweis nach vum Ian Curtis gestaamt hunn. Mat der Zäit hunn New Order hiren eegene Stil aus New Wave an elektronescher Dance-Musek entwéckelt. Speziell ass d'Bass-Spill vum Peter Hook, dat méi wéi eng Bariton-Gittar kléngt as ewéi e Bass.
De gréisste Succès vun New Order war d'Maxi-Single Blue Monday aus dem Joer 1983. Dës Schallplack, déi bei Factory Records erauskoum, ass bis haut weltwäit déi am meeschte verkaafte Vinyl-Maxisingle. De Song gouf 1988 an 1995 ërem verëffentlecht. 1990 haten New Order hiren éischten an eenzegen Nr.1 Single Hit a Groussbritannien, wéi se zesummen mat Spiller vun der englescher Foussball-Nationalequipe ënnert dem Numm „EnglandNeworder“ fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft d'Lidd World in Motion opgeholl hunn.
An den 1990er-Jore sinn en Album (Republic) an eng Rei vu Compilatioune mat Singles a Remixen erauskomm.
D'Membere vun der Band hunn an dëser Zäit verschidden aner Museksprojekter gehat. De Bernard Sumner zesumme mam Johnny Marr vun The Smiths an dem Neil Tennant vun de Pet Shop Boys als Electronic, de Peter Hook fir d'éischt mat Revenge a spéider mat Monaco an Stephen Morris/Gillian Gilbert hu Musek als The Other Two gemaach.
2001 koumen de neie Studioalbum Get Ready an d'Hitsingle Crystal eraus, déi méi rockeg waren wéi fréier Wierker vun der Band. Am Abrëll 2005 ass den Album Waiting for the Sirens’ Call verëffentlecht ginn. Vum New Musical Express krut d'Band fir hiert Liewenswierk den „Godlike Genius“-Award.
De 4. Mee 2007 huet de Peter Hook an engem Telefonsinterview bekannt ginn, datt hien net méi mat New Order zesummeschafft.[1].
Discographie [änneren]
Albumen [änneren]
| Joer | Album | D | A | CH | UK | US |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1981 | Movement | 30 | ||||
| 1983 | Power, Corruption & Lies | 18 | 4 | |||
| 1985 | Low-Life | 7 | 94 | |||
| 1986 | Brotherhood | 9 | 117 | |||
| 1987 | Substance | 18 | 10 | 3 | 36 | |
| 1989 | Technique | 25 | 15 | 1 | 32 | |
| 1993 | Republic | 54 | 1 | 11 | ||
| 1994 | The Best Of New Order | 4 | 78 | |||
| 1995 | The Rest Of New Order | |||||
| 2001 | Get Ready | 7 | 15 | 24 | 6 | 41 |
| 2002 | International | |||||
| 2002 | Retro | |||||
| 2005 | Waiting For The Sirens Call | 14 | 38 | 44 | 5 | 46 |
| 2005 | The Singles |
EPs, Live etc. [änneren]
- 1982 - 1981-1982 EP
- 1986 - The Peel Sessions 1982
- 1987 - The Peel Sessions 1981
- 1992 - BBC Radio 1 Live In Concert (live in Glastonbury 1987)
- 1997 - Video 586
- 2002 - Back to Mine
- 2003 - The Peter Saville Show Soundtrack
- 2004 - In Session (live in Studio 1998/2001)
- 2007 - Control - official Soundtrack (Soundtrackalbum zum Ian Curtis-Film "Control" incl. 3 neie New Order-Songs: "Exit", "Hypnosis" a "Get Out")
Singles [änneren]
| Joer | Single | D | A | CH | UK | US |
|---|---|---|---|---|---|---|
| 1981 | Ceremony | 34 | ||||
| 1981 | Procession / Everything´s Gone Green | 38 | ||||
| 1982 | Temptation | 29 | ||||
| 1983 | Blue Monday | 2 | 4 | 10 | 9 | |
| 1983 | Confusion | 12 | ||||
| 1984 | Thieves Like Us | 18 | ||||
| 1985 | The Perfect Kiss | 46 | ||||
| 1985 | Sub-Culture | 63 | ||||
| 1986 | Shell-Shock | 28 | ||||
| 1986 | State Of The Nation | 30 | ||||
| 1987 | Bizarre Love Triangle | 56 | 98 | |||
| 1987 | True Faith | 8 | 13 | 4 | 32 | |
| 1987 | Touched By The Hand Of God | 37 | 20 | |||
| 1988 | Blue Monday '88 | 3 | 9 | 3 | 68 | |
| 1988 | Fine Time | 11 | ||||
| 1989 | Round And Round | 21 | 64 | |||
| 1989 | Run 2 | 49 | ||||
| 1990 | World In Motion | 21 | 27 | 1 | ||
| 1993 | Regret | 39 | 4 | 28 | ||
| 1993 | Ruined In A Day | 22 | ||||
| 1993 | World (The Price Of Love) | 77 | 13 | 92 | ||
| 1993 | Spooky | 22 | ||||
| 1994 | True Faith '94 | 9 | ||||
| 1995 | 1963 | 21 | ||||
| 1995 | Blue Monday '95 | 54 | 17 | |||
| 2001 | 60 Mph | 29 | ||||
| 2001 | Crystal | 39 | 83 | 8 | ||
| 2002 | Here To Stay | 77 | 15 | |||
| 2002 | World In Motion 2002 | 43 | ||||
| 2002 | Confusion | 64 | ||||
| 2005 | Krafty | 65 | 8 | |||
| 2005 | Jetstream | 86 | 20 | |||
| 2005 | Waiting For The Sirens Call | 21 |
Um Spaweck [änneren]
- Offizielle Website (englesch)
- Offizielle däitsche Website
Quellen [änneren]
| Commons: New Order (band) – Biller, Videoen oder Audiodateien |