Newton-Teleskop

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Newton-Teleskop ass eng fréi entstane, wichteg Haaptform vum Spigelteleskop.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Eng Reproduktioun vum 6″- Newton-Telekop

Den Newton-Teleskop ass déi vum Isaac Newton 1668 entwéckelt Form vum Spigelteleskop. Si besteet aus engem konkaven Haaptspigel an engem flaachen, ëm 45° zu der Mëttelachs gebéite Sekundärspigel, deen d'Liicht am rechte Wénkel oflenkt an aus dem Tubus an den Okular leet. Et kuckt een also vun der Säit an den Teleskop eran.

De Newton hat nach e sphäreschen Haaptspigel gebraucht, awer sou ee Spigel sammelt net all Liicht op engem Punkt, mä laanscht eng kuerz Achs. Bei engem Teleskop mat engem klengen Ëffnungsverhältnes (Spigelduerchmiesser/Brennwäit) ab ongeféier 1:8 ass deen doduerch veruersachte Bildfeeler méi kleng. Fir méi liichststaark Teleskope mat engem gréisseren Ëffnungsverhältnes trieden d'Feeler awer deelweis stéierend op.

Staark verbessert gouf dem Newton seng Erfindung 1721 vun de Bridder John, George an Henry Hadley, andeems si e paraboleschen amplaz vun engem sphäreschen Haaptspigel gebrauchten. Schonn den James Gregory hat op d'Virzich vum parabolesche Spigel higewisen. Am Géigesaz zum Kugelspigel sammelt de Parabolspigel parallel zu der optischer Achs afalend Liicht an engem Punkt, dem Brennpunkt.

Den Wilhelm Herschel hat 1789 en Teleskop mat engem Spigelduerchmiesser vun 122 cm an enger Brennwäit vun 6 m gebaut. An de Joren 18421845 hat den William Parsons de „Leviathan“ baue gelooss. Dëst hat e Spigelduerchmiesser vun 1,8 m an 18 m Brennwäit.

Gebrauch haut am Amateurberäich[änneren | Quelltext änneren]

4,5" Newton-Teleskopen
Stralegank vum Newton-Teleskop

Newton-Teleskope mat enger Ëffnung vun 114 mm (4,5 Zoll) waren am Amateurberäich fir vill Joren de Standard. Bei engem liichtschwaachen Ëffnungsverhältnes (Spigelduerchmiesser/Brennwäit) vun ongeféier 1:8 ass déi optesch Leeschtung vun dësen Teleskopen net nennenswäert duerch de Gebrauch vum besonnesch einfach a präisgënschteg hierzestellende sphäreschen Haaptspigel beanträchtegt. Schonn en 114mm-Teleskop erméiglecht éischt Deep-Sky-Observatioune vun Objete wéi beispillsweis den Orionniwwel (M42), Observatioun vun de Saturnrénk, dem Grousse Roude Fleck an de grousse Wollekbänner vun der Jupiteratmosphär oder de Schiet vun de Jupitermounden op der Jupiteruewerfläch. Och a munneche Kugelstärekéip blëtzen um Randberäich schonn Eenzelstäre op. Déi fir d'Observatioun liichtschwaach Objete wichteg "Liichtsammelleeschtung" an d'Opléisungsverméigen ënner ganz gudden Observatiounsbedéngunge sinn awer nach staark begrenzt. Déi spezifesch kleng Käschte vun engem Newton-Teleskop a Bezuch op Ëffnung an Opléisungsverméigen am Verglach zu Teleskope maachen „Newtons“ zu beléiften Instrumenter am Hobby- an Amateurberäich.

Duerch d'Masseproduktioun a Fernost sinn d'Präisser fir Newton-Teleskopen an der Tëschenzäit sou staark gefall, datt Teleskope mat ongeféier 150–200 mm Duerchmiesser vum Haaptspigel (6–8 Zoll) haut schonn oft als Ufängerinstrumenter ugebuede ginn (kuckt och Dobson-Teleskop). Bei duerchschnëttlecher Siicht kënne mat gréisserem Haaptspigel liichtschwaach Objete besser observéiert ginn, beispillsweis Galaxien. Bei gudden atmosphäresche Bedingunge kënne vill méi Detailer opgeléist ginn. Fir hir mechanesch Handlechkeet (Tubuslängt, Gewiicht, Schwéngungsverhalen) net ze staark ze verschlechteren, ginn Newton-Teleskope mat gréisserem Haaptspigel meeschtens mat relativ kuerzer Brennwàit, d. h. engem liichtstärkeren Ëffnungsverhältnes, gebaut (1:6 bis ongeféier 1:4,5). Dëst huet weiderhin fir d'Astrofotografie de Virdeel, datt d'Beliichtungszäite méi kleng ausfalen. Dat gréissert Ëffnungsverhältnes bréngt awer zouhuelend méi héich Usprëch un d'Hierstellung an optesch Ausriichtung vun alle Komponente vum Teleskop („Kollimatioun“) mat sech. Och ass hei e Parabolspigel noutwendeg, wann de Virdeel vun der gréisserer Ëffnung voll ausgenotzt soll ginn. Obwuel eppes méi schwéier ze schläife wéi e sphäresche Spigel, kann dach och e grousse Parabolspigel mat einfacher Hobbyausrëschtung an exzellenter Qualitéit wäitgoend am Eegebau ugefäerdegt ginn (kuckt Amateur Telescope Making).

Liichtstaark Newton-Teleskope (Ëffnungsverhältnes 1:5 oder méi héich) kënne bei Gebrauch vu Parabolspigelen och Bildfeeler weisen.

An der Selwerbau-Zeene ass besonnesch de sougenannte Dobson besonnesch beléift.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Newton-Teleskop – Biller, Videoen oder Audiodateien