Nguyễn Tấn Dũng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Nguyễn Tấn Dũng (2012).

Den Nguyễn Tấn Dũng, gebuer de 17. November 1949 zu Cà Mau, ass zënter 2006 Ministerpresident vu Vietnam.

Mat 12 Joer huet hie sech fräiwëlleg bei d'Vietcong gemellt. Hien huet a Rạch Giá an am Süde vum Land als Sanitéiter gedéngt. Hie gouf 4 Mol am Laf vum Vietnakrich verwonnt. Den Nguyễn Tấn Dũng huet Droit studéiert a gouf 1967 Member vun der Kommunistischer Partei vu Vietnam.

De 27. Juni 2006, nodeems e vu sengem Virgänger Phan Văn Khải dozou nominéiert gouf, vun der Nationalversammlung zum Minsterpresident ernannt. Hie gouf 2011 am Amt confirméiert.

Commons: Nguyễn Tấn Dũng – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen