Nha Fala

Vu Wikipedia
Nha Fala
Film
Produktiounsland Frankräich
Portugal
Lëtzebuerg
Première 30. August 2002
18. Juli 2003 (LUX)[1]
Dauer 110 min.
Faarf Faarweg
Originalsprooch Kapverdianesch
Ekipp
Regie Flora Gomes
Dréibuch Flora Gomes, Franck Moisnard
Fotografie Edgar Moura
Musek Manu Dibango
Schnëtt Dominique Pâris
Produzent Luís Galvão Teles
Produktiouns-
gesellschaft
Fado Filmes, Les Films de Mai, Samsa Film
Schauspiller
Fatou N'Diaye als Vita
Jean-Christophe Dollé als Pierre
Ângelo Torres als Yano
Bia Gomes
Danièle Evenou
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

De Spillfilm Nha Fala ass eng portugisesch-franséisch-lëtzebuergesch Koproduktioun vum guinea-bissauesche Regisseur Flora Gomes aus dem Joer 2002.

Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]

Am Vita senger Famill hate se ëmmer de Glawen, wann eng Fra aus hirer Famill séngt da muss se stierwen. D'Claire lieft elo a Frankräich an ass eng bekannt Sängerin ginn. Wéi soll si hirer Mamm dat doheem soen datt si séngt…

Filmproduktioun an Accueil[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Produktioun vum Film krut d'Produktiounsgesellschaft Samsa Film am Joer 2000 e Subside an Héicht vun néng Millioune Lëtzebuerger Frang vum Lëtzebuerger Filmfong.[2] Donieft gouf d'Filmproduktioun och vum europäesche Filmfong Eurimages finanziell mat 230.000 Euro ënnerstëtzt, vun deenen Samsa Film 46.000 Euro krut an déi aner Gesellschaften de Rescht.[3]

Den engleschen Titel vum Film ass My Voice.

Nha Fala hat seng Première den 30. August 2002 um Filmfestival vu Venedeg.[4] Do krut en de Präis "Lanterna Magica".[5] De Film gouf och op enger ganzer Rei anere Filmfestivalle gewisen, dorënner zu Amiens (wou en de Präis vun der Stad Amiens an de Präis SIGNIS krut), um Festival vum portugisesche Kino zu Coimbra (wou en de Publikumspräis an de Spezialpräis vun der Jury krut) an um panafrikanesche Festival zu Ouagadougou (wou en de Präis vun der Stad Ouagadougou krut).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cineuropa.org: Nha Fala, musique et superstitions vum Marie-France Dupagne (18, Juli 2003)
  2. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2000, Säit 208
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 2001, Säit 2000
  4. cinemaportuguesmemoriale.pt: Nha Fala
  5. "Nha Fala" conquista prémio em Veneza, Jornal de Letras, Suplemento do JL, Nº 835, Ano XXI, Número 52, 2. Oktober 2002