Nicolas Biever

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Nic Biever)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Diddelenger Poltiker a Gewerkschaftler Nicolas Biever. Fir de Veianer Politiker an Entreprener Nicolas Biwer (1871-1944), kuckt w.e.g. Nicolas Biwer.

Den Nicolas ("Nic") Biever, gebuer den 22. Mee 1894 zu Diddeleng a gestuerwen de 15. Juli 1965, war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

Den Nic Biever war en Aarbechter op Arbed Diddeleng. Am Februar 1919 gouf hie Sekretär vun der Verbandssektioun Diddeleng vum Luxemburger Berg- und Metallindustriearbeiter-Verband (LBMV), an am Februar 1920 zu engem vun den zwéi haaptamtleche Secretairë vum LBMV. Vun 1938 u war hie President vum Verband.

De 14. Oktober 1924 gouf den Nic Biever Member vum Diddelenger Gemengerot an den 1. Mäerz 1925 gouf hien als Deputéierte vun der LSAP an d'Chamber gewielt. Ausser an de Krichsjoeren 1940-44 an déi Zäit, wou e Minister war, sollt hien dës Ämter bäibehalen. Den 12. Mäerz 1945 gouf hien als fréieren Deputéierte Member vun der Assemblée consultative genannt.

Vum 3. Juli 1951 bis den 1. Februar 1959 war hien Aarbechtsminister an de Regierunge Dupong-Bodson a Bech-Bodson, an erëm vum 15. Juli 1964 bis zu sengem Doud, de 15. Juli 1965, an der Regierung Werner-Cravatte.

Inhaltsverzeechnes

Nom Nicolas Biever genannt [änneren]

Literatur zum Thema [änneren]

  • Durlet, Jos, Nic. Biever, Sein Leben - von der Wiege bis zur Bahre, Esch-sur-Alzette: éditpress 1990. ISBN 2-87964-008-3
  • Haag, Emile, 2011. De Nic Biever à Joseph Daleiden: l'évolution du syndicalisme, In: Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 518-527.

Gielercher [änneren]

Referenzen [änneren]