Nick Cave

Vu Wikipedia
Nick Cave
Den Nick Cave am Joer 2009
Gebuertsnumm Nicholas Edward Cave
Gebuer 22. September 1957
Warracknabeal
Nationalitéit Australien
Aktivitéit Schauspiller, Sänger, Komponist, Romancier, Schrëftsteller, Librettist, Dréibuchauteur, Pianist, Liddermécher, Lidderschreiwer, Filmregisseur, Museker
Member vun Nick Cave and the Bad Seeds, Grinderman, The Birthday Party

Den Nicholas Edward "Nick" Cave, gebuer den 22. September 1957 zu Warracknabeal, ass en australesche Sänger a geleeëntlech och Schrëftsteller.

Am beschte bekannt ass en als Frontman vun der Rockgrupp Nick Cave and the Bad Seeds, déi hien 1983 mam Mick Harvey, dem Blixa Bargeld (Sänger vun den Einstürzenden Neubauten) an dem Barry Adamson gegrënnt huet. 2006 huet hien zousätzlech d'Garage-Rockgrupp Grinderman forméiert, déi awer haaptsächlech aus Membere vun de Bad Seeds besteet.

Säi kommerziell am erfollegräichste Lidd war 1995 säin Duett mam Kylie Minogue Where the Wild Roses Grow.

Allgemeng ass säi Stil relativ melancholesch mat engem klengen Hang zur Romantik. D'Texter vu senge Lidder sinn dacks literaresch beaflosst, ë. a. vun der Bibel.

De 15. November 2013 ass hien an der Rockhal opgetratt.

Hie krut 1991 mat der brasilianescher Journalistin Viviane Carneiro ee Bouf, huet sech awer vun der Mamm getrennt an 1999 d'Model a Schauspillerin Susie Bick bestuet.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Boys Next Door
  • Door Door (1979)
The Birthday Party
  • The Birthday Party (Hee Haw) (1980)
  • Prayers On Fire (1981)
  • Junkyard (1982)
  • Mutiny! / Bad Seed (1983)
Nick Cave and the Bad Seeds
  • From Her to Eternity (1984)
  • The Firstborn Is Dead (1985)
  • Kicking Against the Pricks (1986)
  • Your Funeral… My Trial (1986)
  • Tender Prey (1988)
  • The Good Son (1990)
  • Henry's Dream (1992)
  • Live Seeds (1993)
  • Let Love In (1994)
  • Murder Ballads (1996)
  • The Boatman's Call (1997)
  • Live at the Royal Albert Hall (1998)
  • No More Shall We Part (2001)
  • Songs For A November Night (2002) (unofficial)
  • Nocturama (2003)
  • Abattoir Blues/The Lyre of Orpheus (2004)
  • B-Sides & Rarities (3 CD) (2005)
  • Dig, Lazarus, Dig!!! (2008)
  • Push the Sky Away (2013)
  • Skeleton Tree (2016)
  • Ghosteen (2019)
  • Wild God (2024)
Singes
  • What A Wonderful World (mam Shane MacGowan)
  • Where The Wild Roses Grow (mam Kylie Minogue)
  • Henry Lee (mam PJ Harvey)
Grinderman
  • Grinderman (2007)
  • Grinderman 2 (2010)
Other
  • Burnin' The Ice (1983) (mam Die Haut)
  • White Lunar (2009) (mam Warren Ellis)
Solo
  • The Secret Life Of The Love Song (1999)
  • Here Comes The Sun (2002)

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]