Nickelback

Vu Wikipedia
Nickelback 2006

Nickelback ass eng Rockband vun Hanna, Alberta a Kanada, déi do 1995 gegrënnt gouf. Si besteet aus den Hallefbridder Chad Kroeger a Mike Kroeger, dem Daniel Adair an dem Ryan Peake.

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

De Bandnumm ass entstanen, wéi de Mike Kroeger nach bei Starbucks geschafft huet an do d'Mënz zeréckginn huet. Well dat duerch d'Präisser sou gutt wéi ëmmer 5 Cent waren, sot hien ëmmer: „Here's your nickel back“ („Hei ass ären Nickel (5 Cent) zeréck“). Säi Brudder Chad huet dat héieren an huet Nickelback als Bandnumm virgeschloen.[1]

1996 ass a Kanada d'EP Hesher erauskomm, vun där et nëmme 5000 Exemplare gouf, dës sinn haut zimmlech rar an hunn dowéinst en héije Wäert. Kuerz drop ass den éischten Album vun der Band erauskomm. Mä Curb huet wéi scho säi Virgänger nëmme regionalen Erfolleg bruecht.

2000 ass hinne mam Album The State den nationalen Duerchbroch gelongen. Dës Plack krut vill kanadesch Musekpräisser an huet do Goldstatus erreecht. D'Single Leader of Men war dat éischt Zeechen no Europa, mä de groussen Duerchbroch war dat nach net. Roadrunner Records huet déi véier Museker ënner Vertrag geholl, wat ongewéinlech war, well dëst Label éischter fir Metalbands bekannt ass. An engem Interview sot de Ryan Peake, si hätten do ënnerschriwwen, well do "Leit mat Leidenschaft um Wierk" wieren an een do net direkt "zum Produkt gemaach" géif.

Méi Bekannheet huet den Chad Kroeger erreecht, wéi en 2002 zesumme mam Josey Scott den Titelsong Hero vum Kinosfilm Spider-Man bäigesteiert huet.

Nickelback war am Kader vun der Dark Horse Tour de 27. Januar 2010 an der Rockhal viru bal 7'000 Spectateuren opgetrueden. .[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. G4: A Brief History of Nickelback’s Chad Kroeger Archivéiert op 2006-06-30. Gekuckt de(n) 2009-10-11.
  2. [1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nickelback – Biller, Videoen oder Audiodateien