Nico Braun

Vu Wikipedia
Nico Braun
Gebuer 26. Oktober 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 184 Zentimeter
Gewiicht 80 kg
Veräin/Ekipp FC Metz,
Union Lëtzebuerg,
FC Schalke 04,
Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Minerva Lëntgen
Famill
Kanner Gordon Braun


Den Nico Braun, gebuer de 26. Oktober 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass ee fréiere lëtzebuergesche Foussball-Nationalspiller[1].

No sengem Debut an der Union zu Lëtzebuerg (1968-1971) ass hien an d'Bundesliga spille gaangen, an zwar bei Schalke 04 (1971-1973). Hien huet 1972 mat deem Club den DFB-Pokal gewonnen a gouf däitsche Vizemeeschter[2].

Duerno goung hien op Metz bei den Éischtdivisiounsclub FC Metz (1973-1978), wou hie Stiermer war. Hien huet do a fënnef Joer an an 170 Matcher 98[3] Goler geschoss (dat bescht wat Metz bis elo hat). Wärend zwou Saisonen huet hie mam Argentinier Hugo Curioni een effikassen Duo am Stuerm gemaach. Déi zwéi kruten de Spëtznumm les artilleurs de Metz.

Tëscht dem 16. Abrëll 1970 an dem 26. Mäerz 1980 huet hien a 40 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 9 Goler geschoss[4].

Zum Schluss vu senger Karriär huet hie beim Charleroi SC (1978-1980), zu Diddenuewen (1980-1981) an nees bei der Union (1981-1985) gespillt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Nico Braun op der Websäit vun der Football Database.eu
  2. Kevin Zender, "Der FC Metz muss alles daran setzen, um in der ersten Liga zu bleiben" op wort.lu den 21. Januar 2020 an an der Drockversioun vum Luxemburger Wort vum 22. Januar 2020 (S. 42) ënnert dem Titel Ich habe zwei Herzensvereine
  3. Am Artikel vum Kevin Zender geet vu 96 Goler rieds
  4. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Nico Braun op der Websäit vun European Football