Nico Klopp

Vu Wikipedia
Nico Klopp
Selbstportrait vum Nico Klopp
Gebuertsnumm Nicolas Klopp
Gebuer 18. September 1894
Bech-Maacher
Gestuerwen 29. Dezember 1930
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Graveur

Den Nico Klopp war e lëtzebuergesche Moler. Hien ass den 18. September 1894 zu Bech-Maacher gebuer, an den 29. Dezember 1930 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen, warscheinlech un engem Gehiertumor, am Alter vun nëmme 36 Joer. Hie gëtt zu de postimpressionistesche Moler gerechent.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Nico Klopp koum aus dem Wënzermilieu. Hien ass an d'Handwierkerschoul an der Stad gaangen. Seng Eltere si fréi gestuerwen. No hirem Doud, huet hie sech fräi gefillt, fir vun 1915-1920 zu Düsseldorf a Weimar Konscht ze studéieren. Well hie vun der Konscht eleng net liewe konnt, war hie vun 1923 un, Gemengereceveur zu Réimech.

Zäitweileg huet hien op Schoulen Zeechenunterrecht ginn, an huet nach en Täschegeld als Kannengerchersziichter verdéngt. 1927 huet hie sech mat e puer anere Kënschtler, wéi dem Joseph Kutter, dem Claus Cito, dem Auguste Trémont an anere vum Cercle Artistique getrennt, well him de Cercle ze réckstänneg war. Si goufe Sezessioniste genannt, well se 1927 e Salon de la Sécession organiséiert haten.

E puer vu senge Wierker sinn am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht an der Stad ze gesinn.

Den Nico Klopp huet vill Biller vun der Musel gemoolt, bekannt si virun allem seng Biller vun der Muselbréck zu Réimech. Hien huet och Blummebiller gemoolt an dobäi hat hien eng Preferenz fir Tulpen. Ausserdeem war hien e Meeschter an Holz- a Linoschnëtter.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Barques Eckernförde-Ostsee (Ueleg)
  • Remich avec ses côtes (Ueleg)
  • Bech-Kleinmacher (matin d'été) (Ueleg)

Unerkennung[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Post huet senger geduecht an huet 1975 ee Käppche mat der Réimecher Bréck erausbruecht.
  • Zu Bech-Maacher gouf d'Strooss an där säin Heemechtshaus steet no him benannt an zu Réimech gëtt et d'Place Nico Klopp.
  • Rue Nico Klopp um Lampertsbierg, fir vun der Avenue de la Faïencerie op den Nikloskierfecht ze kommen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nico Klopp – Biller, Videoen oder Audiodateien