Nico Ries

Vu Wikipedia
Nico Ries
Gebuer 30. Juli 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Offizéier

De Colonel Nico Ries, gebuer den 30. Juli 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e Beruffsoffizéier a fréiere Chef vum État-major (Kommandant) vun der Lëtzebuerger Arméi.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den 3. September 1973 huet hie säi Studium op der Ecole Royale Militaire zu Bréissel ugefaange (formation "toutes armes") fir se 1977 mat Erfolleg als Offizéier ofzeschléissen.

1978–1994 war hien um Centre d'instruction militaire (CIM) zu Dikrech an hat ënner anerem d'Funktioune vum Pelotonschef, vum Kompanieskommandant, vum Personal-Offizéier a vum Commandant en second vum CIM.

1994 ass hien an den État-major vun der Arméi komm, am Ufank war hie logisteschen Offizéier, duerno, zanter dem 28. Juni 1998, Chef d'État-major adjoint.

An dëse Joren huet de Colonel Nico Ries seng Weiderbildung vervollstännegt an déi heite Formatiounen gemaach:

  • 1978-1979: Stage op der École d'application de l'infanterie zu Montpellier a Frankräich;
  • 1982: Cours vum Kompanieskommandant op der École d'infanterie zu Arel an der Belsch;
  • 1985: Stage op der École d'État-major zu Compiègne a Frankräich;
  • 1989-1990: Cours op der École supérieure de guerre zu Paräis.

An de Joren 1991 an 1997 huet hien un der European Community Monitor Mission an Ex-Jugoslawien deelgeholl.

Vum 25. Januar 2002 bis den 31. Dezember 2007 war hie Kommandant vun der Lëtzebuerger Arméi. Säin Nofollger gouf de Lieutenant-Colonel Gaston Reinig.

2008 ass hien un d'Direction de la défense am Ausseministère[1] affektéiert ginn, wou en, am Rang vun engem Colonel, fir d'Planifikatioun vun den Auslandsmissioune vun der Arméi zoustänneg ass.

2011, mat 58 Joer, gouf de Colonel Nico Ries géint säi Wëlle vum Minister Jean-Marie Halsdorf pensionéiert. De Colonel Ries wennt sech un d'Justiz, an no enger Rei vu Prozedure gëtt hien drësseg Méint an e Regierungswiessel méi spéit nees an d'Arméi integréiert, mat den offiziellen Excusë vum zoustännege Minister, Etienne Schneider, am Numm vun der Regierung. De Colonel Ries hat du - vum Februar 2014 un - d'Funktioun vum Directeur de l'armement.

Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • gs, Richter sehen Versetzung des Generalstabschefs als verfassungswidrig an ; in: Luxemburger Wort, Nr. 230 (2. Oktober 2010), S. 50.
  • gs, Verwaltungsgericht urteilt zugunsten von Colonel Ries - Richter sehen Versetzung als verfassungswidrig an / Ministerium schlägt Treffen mit Kläger vor ; in: Luxemburger Wort, Nr. 299 (23. Dezember 2010), S. 15.
  • Imo, Grossherzoglicher Erlass annulliert - Eine Armee ohne Chef?  ; in: Tageblatt, Nr. 299 (23. Dezember 2010), S. 22.
  • D'Cour administrative huet den Arrêté grand-ducal annuléiert, mat deem de Colonel Ries an d'Retraite geschéckt gi war. RTL.lu
  • Michel Petit, Le colonel revient de guerre - Nico Ries n'a jamais baissé la garde contre ses ministres qui l'ont chassé ; in: Le Jeudi, Ausgab vum 20. - 26. Februar 2014; S. 37 (ill.).

Dekoratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Am Ausland[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nico Ries – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Annuaire vun der Direction de la défense archivéiert
  2. Programme vun der 'cérémonie militaire à l'occasion de la célébration de la Fête nationale 2004'