Nico Simon

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nico Simon
Gebuer 3. Abrëll 1952
Lëtzebuerg
Aktivitéit Manager

Den Nico Simon, gebuer den 3. Abrëll 1952 an der Stad Lëtzebuerg,[1], ass e lëtzebuergesche Manager am Kinosberäich.

Vu Jonktem un huet hie sech an der lëtzebuergescher Cinéclubs-Zeen engagéiert. Hien huet de Kino Utopia mat an d'Liewe geruff an den CDAC, e Reseau fir Regionalkinoen ze bedreiwen, matgegrënnt. Zanter 1991 mécht hie seng Aarbecht haaptberufflech.

Hien ass zanter 1994 de Generaldirekter vum Utopia Group.

Den Nico Simon ass och Grënnungsmember a Kovizepresident vum Reseau Europa Cinémas a Verwaltungsrotmember vun UNIC.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. memorial.lu