Nico Weber

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sproochwëssenschaftler Nico Weber. Fir de Journalist, Editeur an Auteur, kuckt wgl. Nic Weber.
Nico Weber
Gebuer 28. Mee 1957
Gestuerwen 22. September 2004
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Linguist

De Prof. Dr. Nico Weber, gebuer den 28. Mee 1957, a gestuerwen den 22. September 2004, war e lëtzebuergesche Sproochwëssenschaftler. Seng Spezialitéit war d'Erfuersche vu Méisproochegkeet a computerënnerstëtzten Iwwersetzungstechniken.

Den Nico Weber huet um Centre Universitaire de Luxembourg (1976-1977) an op der Universitéit zu Bonn fir d'éischt Germanistik, Anglistik a komparativ Linguistik (1977-1982), an no senger Maîtrise Kommunikatiounsfuerschung, Phoneetik a linguistesch Informatik (1982-1985) studéiert. 1988 huet e promovéiert, an 1997 krut e seng Habilitatioun.

Vun 1985-1991 huet hien als Systemanalytiker bei enger Privatfirma geschafft, virdrun an duerno e puer Joer laang un engem Projet fir informatiséiert Textanalys kënnen ze maachen.

Vun 1995 u war hie Professer op der Universitéit zu Köln. Hien hat verschidde Gaaschtprofessuren zu Paräis, Warschau, Tomsk a Moskau, an huet un diverse Fuerschungsprogrammer matgeschafft, dorënner een iwwer d'Ausschaffe vun engem Textcorpus fir en Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen.

Hie war Member vum Institut grand-ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique (IGD-LEO), dem Conseil permanent de la langue luxembourgeoise (CPLL), der Gesellschaft für Linguistische Datenverarbeitung e. V. (GLDV), der Association pour le Traitement Automatique des Langues (ATALA), der European Association for Machine Translation (EAMT), der Gesellschaft für bedrohte Sprachen e. V. (GBS) an der Ost-West-Gesellschaft für Sprach- und Kulturforschung e. V.

Den Nico Weber ass mat nëmme 47 Joer am September 2004 verscheet.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

(Auswiel ënner deene rezentsten)

  • "Lëtzebuergesch". In: Ammon, U., Haarmann, H. (eds.): Wieser Enzyklopädie der Sprachen Westeuropas (WSEW), 2004.
  • " 'Angelsächsisches' im Lëtzebuergeschen". In: Dahmen, W. et al. (eds.) Englisch und Romanisch (Romanistisches Kolloquium XVIII). Tübingen: Narr, 2004.
  • "Wortumgebungen im Text und im Wörterbuch". Workshop Forschungsperspektiven zum Lëtzebuergeschen, Luxemburg 2001.
  • "Multilingualism, Education and Social Integration in the Migratory and Regional Context of Luxembourg". In: P. Cuvelier, Th. du Plessis, L. Teck (eds.): Multilingualism, Education and Social Integration: Belgium, Europe, South Africa, Southern Africa. Pretoria: Van Schaik (72-85), 2003.
  • "Gedanken zu einer 'bedeutungsvolleren' und 'verständigeren' Computerlinguistik". In: G. Willée, B. Schröder, H.-C. Schmitz (eds.): Computerlinguistik: Was geht, was kommt - Computational Linguistics: Achievements and Perspectives. Sankt Augustin: Gardez! 2002 (273-277)
  • "Approaches to Synthetic Meaning Explication". In: K. Ezawa / W. Kürschner / K. H. Rensch / M. Ringmacher (eds.): Linguistik jenseits des Strukturalismus. Akten des 2. Ost-West-Kolloquiums Berlin 1998. Tübingen: Narr, 2002 (319-329).
  • "Bref aperçu sur la lexicographie du luxembourgeois". La Tribune Internationale des Langues Vivantes, 32, 2002 (36-43).
  • "Lëtzebuergesch und Englisch". Germanistik, Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Lettres Allemandes, fascicule XVII (1-38). [1]
  • "Lëtzebuergesch, Letzeburgesch, Letzeburgisch, Luxemburgisch". In: N. Janich / A. Greule (eds.): Sprachkulturen in Europa: Ein internationales Handbuch. Tübingen: Narr 2002 (154-159).
  • "The Universe under the Microscope: the Complex Linguistic Situation of Luxembourg". In: C. De Bot, C. / S. Kroon / P. H. Nelde / H. van de Velde (eds.): Institutional Status and Use of Languages in Europe. Sankt Augustin: Asgard 2001 (179-194).
  • "Multilingualism and Language Policy in Luxembourg". In: K. Deprez / Th. du Plessis (eds.): Multilingualism and Government. Belgium, Luxembourg, Switzerland, Former Yugoslavia, South Africa. Pretoria: Van Schaik, 2000 (82-91).
  • Die Semantik von Bedeutungsexplikationen. Frankfurt am Main [etc.]: Lang 1999. (Sprache, Sprechen und Computer/Computer Studies in Language and Speech; 3).
  • (ed.): Machine Translation: Theory, Applications, and Evaluation. An assessment of the state-of-the-art. St. Augustin: Gardez! 1998 (Sprachwissenschaft, Computerlinguistik und Neue Medien; Bd. 1).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jérôme Lulling: "In Memoriam Prof. Dr. Nico Weber (1957-2004)", in: Bulletin linguistique et ethnologique fasc. 33 (2006), S.90-104 (mat ausféierlecher Bibliographie).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]