Nicolas Anzia

Vu Wikipedia
Nicolas Anzia
Gebuer 20. Mäerz 1930
Useldeng
Gestuerwen 17. Februar 2018
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Den Nicolas Anzia, gebuer den 20. Mäerz 1930 zu Useldeng, a gestuerwen de 17. Februar 2018 zu Ettelbréck[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Hie war vum 1. Januar 1958 bis den 31. Dezember 1969 Member vum Gemengerot vun der Gemeng Useldeng a vum 1. Januar 1970 bis den 31. Dezember 1999 Buergermeeschter vun Useldeng.[1]

Hie war vun 1954 bis 1996 Kommandant vun de Pompjeeë vun Useldeng a vun 1990 bis 1995 President vum Kantonalverband vun de Pompjeeë vu Réiden.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Doudesannonce vum Nicolas Anzia op der Säit 46 am Luxemburger Wort Nummer 43 vum 20. Februar 2018.