Nicolas Gonner-Nau

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Rëmelenger Minenhär Nicolas Gonner. Fir den Editeur an Historiker, kuckt wgl. Nicolas Gonner.
Nicolas Gonner-Nau
Gebuer 17. Oktober 1824
Rëmeleng
Gestuerwen 21. August 1908
Rëmeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Entreprener
Gebuertsschäin vum Nicolas Gonner 1824
Doudesschäin vum Nicolas Gonner 1908

Den Nicolas Gonner-Nau, gebuer de 17. Oktober 1824 zu Rëmeleng an do gestuerwen den 21. August 1908, war de Grënner vun der Rëmelenger Schmelz, Minnenhär, Buergermeeschter vun der Gemeng Keel (1855-1860, 1867, 1868, 1873-1876, 1878-1884)[1] a Bauhär vum Rëmelenger Spidol.

De Stammbam vun der Rëmelenger Famill Gonner léisst sech bis an d'17. Joerhonnert zeréckverfollegen. Deemools huet d'Stackhaus nach Lauxen geheescht, erréischt am Joerhonnert duerno gëtt den Numm Gonner nieft deem vu Lauxen gefouert fir dee schlussendlech ganz ofzeléisen.

Dem Nicolas Gonner-Nau säi Familljenhaus war an der Kierfechtsstrooss, 1838 erbaut op der Hueschtert iwwer dem Kihne-Stach (haut steet et net méi). Säi Papp war de Michel Gonner (1776-1852) a seng Mamm d'Maria Orianne vu Miersch (1789-1853). Et däerf ugeholl ginn, datt scho säi Papp mat Wakeminett[2] (op Däitsch: Bohnerz) gehandelt huet, well schonn 1843 huet de Stot een Drëttel vun alle Steiere vun der Sektioun Rëmeleng bezuelt. Sengem 4 Joer eelere Brudder, dee bossegerweis och Nicolas geheescht huet, gouf nogesot e liichtliewege verwinnte Playboy ze sinn an him gouf no sengem Doud 1868 op Bedreiwe vum Bëschof e kierchlecht Begriefnes refuséiert.

A jonke Joren huet den Nicolas Gonner eng Plaz als Schreiwer bei engem Nottär ugeholl. Wéi säi Papp 1852 gestuerwen ass, do ass en zeréckkomm an huet de wuelsituéierte Familljenhaff iwwerholl. Gläichzäiteg hat en awer och erkannt, datt mat Minett grouss Geschäfter ze maache waren, an en huet en ettlech Parzellen am Keeldall kaaft. 1872 war hie Matgrënner vun der Rëmelenger Schmelz, ënner dem Hutt vun der Aktiegesellschaft Gonner, Munier, Helson & Cie.

Den Nicolas Gonner gouf den 10. Mee 1853 mat der Maria Nau bestuet, der Schwëster vum Téitenger Schmadd Jean-Baptiste Nau[3]. Hiren eenzege Bouf, Gonnesch Batty, ass schonn am Alter vu 27 Joer gestuerwen, ouni bestuet gewiescht ze sinn. Hie gouf de 7. Juni 1844 als Naux Jean-Baptiste zu Rëmeleng als Meedercheskand vum Maria Naux (sic) gebuer an ass den 13. Juni 1871 zu Rolleng als Jean-Baptiste Gonner, Fils vum Nicolas Gonner an der Maria Nau (sic) gestuerwen. 1893 ass och seng Fra Maria verscheet.

Wéi den Nicolas Gonner 1908 am Alter vun 83 Joer gestuerwen ass, war keen direkten Ierwe méi do a säi gewaltegen Immobiliëbesëtz ass an de Joren 1911-1915 versteet gi fir iwwer 50 wäitleefeg Ierwen ze zerwéieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lorang, F., 1985. Kayltaler Memorabilien, S. 159-161.
  2. Lorang, F., 1999. Bergbauliche Geschichtsblätter aus dem Land der Roten Erde. Zahlen, Daten, Fakten. Luxemburg, Gemeinde Kayl, S. 12.
  3. Kuerzbiographie vum Jean-Baptiste Nau