Nicolas-Claude Fabri de Peiresc

Vu Wikipedia
Nicolas-Claude Fabri de Peiresc
Gebuer 1. Dezember 1580 jul.
Belgentier
Gestuerwen 24. Juni 1637
Aix-en-Provence
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Educatioun Universitéit vu Montpellier,
Universitéit vu Padua
Aktivitéit Astronom, Archeolog, Philosoph, Botaniker, Numismatiker, Naturalist, Konschtsammler

Den Nicolas Claude Fabri de Peiresc, gebuer am Joer 1580 zu Belgentier a gestuerwen am Joer 1637 zu Aix-en-Provence war e franséische Geléierten, Astronom, Sammler, Antiquaire a Sponsor.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Interessen als Geléierten, ware beim Peiresc wäit gestreet. Hie war Sammler vun antike Gemmen a Mënzen, hien huet jonk Kënschtler gesponsert, andeems hien hinnen Opträg verschaaft huet. Hien huet bei hinne Biller an Ofgëss vun Antiquitéite maache gelooss, an huet eng grouss Genauegkeet verlaangt, soudatt spéider déi eng oder aner Kopie als Original gehandelt konnt ginn. Hien hat eng Sammlung vu Wierker vun zäitgenëssesche Kënschtler, wéi de Simon Vouet, de Claude Mellan an den Adrian de Vries.

Grad sou wichteg war säin Interessi un den Naturwëssenschaften. Sou gouf him 1916 vum Guillaume Bigourdan[1] d'Entdeckung vum Orionniwwel am November 1610 zougeschriwwen.[2] Zudeem hat hie staarken Interessi un der Entzifferung vun den Hieroglyphen. Deeler vun senger egyptescher Sammlung hat hien dem Jesuitt Athanasius Kircher geschenkt an hat domat de Grondsteen zum berüümte Museum Kircherianum am Collegium Romanum zu Roum geluecht.

De Peiresc huet zu senger Zäit e grousse Bréifwiessel mat Geléierten, Kënschtler an héijen Autoritéiten a ganz Europa. Ënner hinnen: de Kardinol Francesco Barberini, de Galileo Galilei, den Giovanni Battista della Porta, de Cassiano dal Pozzo, de Peter Paul Rubens, de Francis Bacon, de William Camden, de befrënnten Dichter an Antiquaire Girolamo Aleandro an de Sekretär vun der apostolescher Bibliothek zu Roum, Lucas Holsten. Hie war och mat dem Philosoph an Astronom Pierre Gassendi befrënnt, dee 1641 seng Biographie ënner dem Titel Viri illustris Nicolai Claudii Fabricii de Peiresc, senatoris aquisextiensis vita publizéiert hat.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

De Charles Plumier huet him zu Éieren d'Aart Pereskia[3] vun der Planzefamill vun de Kaktusplanzen (Cactaceae) genannt. De Carl von Linné hat dësen Numm net iwwerholl, mä gebraucht de Gattungsnumm Cactus.[4] Philip Miller hat den Numm nees opgegraff.[5]

Och de Peirescius, e Krater vum Äerdmound, an den Asteroid (19226) Peiresc goufen no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jacqueline Helling: Nicolas-Claude Fabri de Peiresc: 1580–1637. R. Lielens, Brüssel 1980.
  • Jean-François Lhote, Danielle Joyal (Hrsg.): Correspondance de Peiresc et Aleandro. 2 Bände, Adosa, Clermont-Ferrand 1995.
  • Philippe Tamizey de Larroque (Hrsg.): Lettres de Peiresc à Guillemin, Holstenius et à Menestrier. 1610–1637. 7 Bände, Paris 18881898.
    • Band 1: Aux frères Dupuy: Décembre 1617 – Décembre 1628. 1888, (online).
    • Band 2: Aux frères Dupuy: Janvier 1629 – Décembre 1633. 1890, (online).
    • Band 3: Aux frères Dupuy: Janvier 1634 – Juin 1637. 1892, (online).
    • Band 4: Lettres de Peiresc à Borrilly, à Bouchard et à Gassendi. Lettres de Gassendi à Peiresc. 1626–1637. 1893, (online).
    • Band 5: Lettres de Peiresc à Guillemin, à Holsteinius et à Menestrier. Lettres de Menestrier à Peiresc. 1610–1637. 1894, (online).
    • Band 6: Lettres de Peiresc à sa famille et principalement à son frère. 1602–1637. 1894, (online).
    • Band 7: Lettres de Peiresc à divers. 1602–1637. 1898.
  • Harald Siebert: Peirescs Nebel im Sternbild Orion – eine neue Textgrundlage für die Geschichte von M42. In: Annals of Science. Band 66, Nummer 2, 2009, S. 231–246, DOI:10.1080/00033790801968857.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Guillaume Bigourdan: La découverte de la nébuleuse d'Orion par Peiresc. In: Comptes rendus de l'Académie des Sciences. Band 162, 1916,S. 489–490.
  2. Harald Siebert: Die Entdeckung des Orionnebels. Historische Aufzeichnungen aus dem Jahr 1610 neu gesichtet. In: Sterne und Weltraum. Nr. 11, 2010, S. 32–42.
  3. Charles Plumier: Nova Plantarum Americanarum Genera. Leiden 1703, S. 35
  4. Carl von Linné: Genera Plantarum. Leiden 1742, S. 210
  5. Philip Miller: The Gardeners Dictionary. London 1768, 8. Auflage

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolas-Claude Fabri de Peiresc – Biller, Videoen oder Audiodateien