Nicolas Bové
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Nicolas Bové, gebuer den 1. Januar 1802 an der Millebach a gestuerwen den 22. September 1842 zu Bir Kadem (Algerien), war e lëtzebeurgesche Botaniker.
Am Betrib vu sengem Papp huet hie fir Gärtner geléiert.
Hie war den Direkter vun den Ibrahim-Pascha-Gäert zu Kairo an du vun enger Versuchsplantatioun an Algerien.
Hien huet e Buch iwwer d'Flora vun Algerien geschriwwen, an och Reesbicher iwwer verschidde Länner.
D' Primula boveana, déi um Bierg Sinai blitt, ass nom Nicolas Bové benannt.
Nom Doud vum Nicolas Bové gouf säin Herbarium dorëmmer verspreet. Deeler dovu sinn a op verschiddene Plazen ze fannen:
- am Conservatoire vu Genf
- an der Botanischen Staatssammlung München
- am Muséum national d'Histoire naturelle zu Paräis
Den Nicolas Bové ass de Grouss-grouss-groussmonni vum José Bové.
Zur Éierung vum Nicolas Bové goufen eng Rei Nimm fir Planzenaarte verginn:
- Anthemis bovei
- Biarum bovei
- Blumea bovei
- Conyza bovei
- Dephinium bovei
- Echinops bovei
- Erigeron bovei
- Erodium bovei
- Eryngium bovei
- Fagonia boveana
- Galium bovei
- Glossonema boveanum
- Hedysarum boveanum
- Heliotropium bovei
- Hyoscyamus boveanus
- Jasione bovei
- Orobanche bovei
- Pancratium bovei
- Phlomis bovei
- Primula boveana
- Pyrus bovei
- Retama bovei
- Spartium bovei
- Stachys boveana
- Statice bovei
- Tamarix boveana
- Thymus bovei
Wierk [änneren]
- Relation abrégée d'un voyage botanique en Égypte, dans les Trois Arabies, en Palestine et en Syrie (1834).
Literatur zum Thema [änneren]
- Pierre Marson: Unser Gärtner im Orient, an: Les Cahiers luxembourgeois, Nummer 2, 2006, S. 49 - 70