Nicolas Breisdorff
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Karikatur vum N. Breisdorff an der Wäschfra.
De Jean Nicolas Breisdorff, gebuer den 28. August 1826 an der Stad Lëtzebuerg a gestuerwen den 10. Mäerz 1892, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen a Politiker.
Hien huet vun 1840 bis 1848 an der Stad um Atheneum an dono dräi Joer um Seminaire studéiert. Am September 1851 gouf hie Vikar zu Steesel, an am November 1853 Rédacteur-adjoint am Luxemburger Wort. Tëscht Juni 1855 an 1884 war hie Chefredaktreur vum Wort.
1881 gouf den Nicolas Breisdorff als Deputéierte vum Kanton Réiden an d'Chamber gewielt a war dat bis 1887 [1].
Literatur [änneren]
- Martin Blum: Geschichtlicher Rükblick In: Ons Hémecht 1900, S.146-155.
- Pierre Grégoire: Schriftleiter-Silhouetten. Luxemburger Wortführer der Wahrheit. Luxemburg 1950, S. 29-53.
Referenzen [änneren]
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 510