Nicolas Didier

Vu Wikipedia
Nicolas Didier
Gebuer 27. Oktober 1881
Gestuerwen 31. Dezember 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker


Den Nicolas Didier, gebuer de 27. Oktober 1881 zu Roudemer a gestuerwen den 31. Dezember[1] 1951, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen, Pedagog an Historiker.

Hie gouf 1908 zum Geeschtleche geweit a goung dunn op Fribourg, fir do Geschicht ze studéieren. 1912 huet en do säin Doktorat gemaach, seng Thees war iwwer de Mameranus. Den Nicolas Didier war vun 1913 bis 1921 Archivist vum Prënz vu Salm-Salm zu Anhalt a Westfalen.

Wéi en duerno op Lëtzebuerg zeréckkoum, gouf en Direkter vun der Bullett an Aumônier am Iechternacher Kolléisch. Hie war Member vun der historescher Sektioun vum Institut grand-ducal.

Zum Nicolas Didier senge Publikatiounen zielen der iwwer d'Geschicht vum Iechternacher Kolléisch, d'Editioun vun enger Sammlung vu Regeste, den Neibau vun der Abtei Iechternach.

An der Hémecht vun de Joren 1912-14 huet den Didier eng Monographie iwwer den Nicolaus Mameranus an 23 Deeler publizéiert: Nikolaus Mameranus. Ein Luxemburger Humanist des XVI. Jahrhunderts am Hofe der Habsburger. Sein Leben und seine Werke. Dës Bäiträg sinn illustréiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Personnagen: Nicolas Didier. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 205 (27. Oktober), S. 17.