Nicolas Frantz II

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Frantz II
Gebuer 5. Januar 1904
Gestuerwen 10. Abrëll 1927
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler

Den Nicolas Frantz II, gebuer de 5. Januar 1904 zu Mamer, gestuerwen den 10. Abrëll 1927 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Hie war de Koseng vum zweemolegen Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz.

Sonndes, den 10. Abrëll 1927, ass den Nicolas Frantz II an der Vëloscourse Handicap du Faubourg, déi vum Le Cycliste Pfaffenthal organiséiert gouf, matgefuer. Am Laf vun der Course hat hie probéiert säi Koseng Nicolas Frantz z'iwwerhuelen, ass awer bei där Aktioun gefall, a gouf vun engem Kontrollauto, dee just hannendru gefuer ass, iwwerannt. Den Nicolas Frantz II ass dobäi u senge Verletzungen am Alter vun 23 Joer gestuerwen.