Nicolas Gredt

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Nicolas Gredt

Den Nicolas Gredt, gebuer den 18. Februar 1834 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 20. Juni 1909, war e lëtzebuerger Philolog, Sproocheprofesser a Schouldirekter. Hien ass virun allem bekannt wéinst dem Sagenschatz des Luxemburger Landes, deen hien erausginn huet.

Den Nicolas Gredt war fir d'éischt Schräinergesell. No senge Studien am Stater Kolléisch an op den Universitéite vu Bonn a Paräis gouf hien 1864 Professer am Kolléisch, tëscht 1867 an 1869 Zensor an 'Directeur ff.', tëscht 1884 an 1885 'Sous-Directeur' an 'Directeur ff.', an tëscht 1885 an 1906 Direkter vum Kolléisch.

1883 huet de Gredt säin Haaptwierk erausginn, de Sagenschatz des Luxemburger Landes, eng Sammlung vu Seeërcher déi doruechter am Land verzielt goufen[1].

Den Nicolas Gredt war effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Hie war mat der (Anne Marie) Françoise Hoffmann (1838-1904) bestuet an hat véier Jongen: de Joseph Gredt (1863-1940, Benediktinerpater a Philosophiesprofesser zu Roum), den Alphonse Gredt (1865-1896, Dr. med. an der Stad Lëtzebuerg), de Paul Gredt (1867-1934, Dipl.-Ingenieur a Schmelzdirekter) an de Jean Félix, genannt (Jean) Felix Gredt (1868-1922, Jurist, ë. a. substitut du procureur de l'État zu Dikrech, an Auteur).[2]

Zu Zéisseng ass eng Strooss nom Gredt benannt: rue Nicolas-Gredt.

1902 gouf hien zum Commandeur am Ordre de la couronne de chêne promovéiert.

Säi Wierk [änneren]

  • Sagenschatz des Luxemburger Landes. Gesammelt von Dr. N. Gredt, Luxemburg ; Lëtzebuerg (Victor Bück), 1883; 645 S. (Dëst Buch ass en Auszuch aus: Publications de la Section historique de l'Institut royal grand-ducal de Luxembourg, Band 36.
  • Idem, Band 1. Rééditioun vun 1963. Mat engem 'Geleitwort' vum Pierre Grégoire. Dréckerei Kremer-Muller & Cie, Esch/Uelzecht. (Op der S. 5 vun dëser Ausgab steet: Neubearbeitet in der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts. Herausgegeben vom Ministerium für Künste und Wissenschaften und von der Sprachwissenschaftlichen Sektion des Großherzoglichen Instituts).
  • Die Luxemburger Mundart. Ihre Bedeutung und ihr Einfluss auf Volkscharakter und Volksbildung ; Lëtzebuerg (P. Bruck), 1870.
  • L'Athénée de Luxembourg de 1839 à 1889 ; in: Programme de l'Athénée ; Lëtzebuerg, 1893.

Literatur [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. Dës Seeërcher goufen am Optrag vum Institut grand-ducal vu Schoulmeeschteren a Schouljofferen uechtert d'Land gesammelt. De Gredt huet sech kënne fir säi Buch aus dësem Fundus zerwéieren während den Institut grand-ducal dem Dicks et net erlaabt huet, dës Informatioune fir säi Wierk "Luxemburger Sagen und Legenden" ze benotzen. Dofir zitéiert den Dicks de Gredt net a sengem Buch. De Gredt ënnerhellt dunn ënnert Pseudonym "Dr. John" eng Hetzkampagne an der Presse géint d'Buch vum Dicks. Méi Detailer zum regelrechte Sträit tëschent deenen deemolege Folklorspezialiste fënnt ee bei: Hoffmann (1991: 110-115).
  2. Jules Mersch, Biogr. nat.; fasc. 19.