Nicolas Kollwelter

Vu Wikipedia
Nicolas Kollwelter
Gebuer 5. September 1918
Weimeschkierch
Gestuerwen 14. November 1992
Hamm
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Famill
Kanner René Kollwelter, Serge Kollwelter

Den Nicolas Kollwelter, gebuer de 5. September 1918 zu Weimeschkierch a gestuerwen de 14. November 1992 zu Hamm[1], war e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Nom Doud vum Nicolas Rollinger ass hien op Grond vun de Resultater vun de Chamberwale vum 30. Mee 1954 an d'Chamber nogeréckelt a blouf Deputéierte bis Enn 1958 wéi d'Chamber fir d'Chamberwale vum 1. Februar 1959 opgeléist gouf. Hie gouf nees bei de Chamberwale vum 7. Juni 1964 a vum 15. Dezember 1968 als Deputéierte gewielt.[2]

Hie war vun 1961 bis 1981 Member vum Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.

Hien ass de Papp vum René a Serge Kollwelter.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Nicolas Kollwelter op thomafamill.lu
  2. Nicolas Kollwelter am Luxemburger Lexikon Éditions Guy Binsfeld 1. Oplo 2006 S. 221