Nicolas Mandy

Vu Wikipedia

Den Nicolas Mandy, mam Uerdensnumm Brudder Ange, gebuer de 4. Mäerz 1885 zu Uewerkäerjeng a gestuerwen den 1. Juni 1948 zu Beersel an der Provënz Flämesche Brabant, war e lëtzebuergesche Missiounsbrudder vun de wäisse Pateren aus dem Märjendaller Klouschter.

An der Famill Mandy ware se zu aacht Kanner, vun deenen de Joseph Redemptoristepater an d'Hélène, mam Uerdensnumm "Schwëster Anselme", am Uerde vum aarme Kand Jesu war.

Op sengem 16. Gebuertsdag huet den Nicolas Mandy sech am Märjendall gemellt fir an d'Missiounen.
Den 1. November vum selwechte Joer huet e mat sengem Noviziat bei Alger an Algerien ugefaangen, wou hie bis Ouschteren 1903 blouf.
Tëscht 1904 an 1912 huet hie sech zu Thibar an Tunesien opgehalen an duerno huet hie bis 1923 am Vikariat Haut-Congo an enger Missiounsstatioun beim Tanganjikaséi an Zentralafrika geschafft.