Nicolas Mathieu

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nicolas Mathieu
Gebuer 29. Februar 1880
Déierbech
Gestuerwen 11. Mäerz 1946
Déierbech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker


Den Nicolas Mathieu, gebuer den 29. Februar 1880 zu Déierbech[1] an do gestuerwen den 11. Mäerz 1946[2] am Alter vu 66 Joer, war e lëtzebuergesche Politiker.[3]

Hie war Matgrënner vun der Onofhängeger Nationalpartei, fir déi en den 28. Mee 1922 an den 1. Mäerz 1925 an d'Chamber gewielt gouf. Dono war hie Grënner, fir d'Chamberwalen 1931, vun der Fortschrëttlech-demokratescher Partei (fr.: Parti démocratique progressiste) an 1937 vun der Liberaler Partei, fir déi en, am Nordbezierk, allkéiers e Sëtz an der Chamber krut.

Eng lescht Kéier krut hie bei de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 e Mandat, dat e bis zu sengem Doud, 1946, hat.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Den Nicolas Mathieu an der Datebank vu Luxracines.lu
  2. Sterbefälle am Escher Tageblatt vum 13.Mäerz 1946 op der Säit 5 op eluxemburgensia.lu g3ekuckt den 7. Februar 2022
  3. Doudesannonce vum Nicolas Mathieu am Luxemburger Wort vum 12. Mäerz 1946