Nicolas Petit

Vu Wikipedia
Nicolas Petit
Gebuer 21. Juni 1876
Bäerdref
Gestuerwen 17. Dezember 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt


Den Nicolas Petit, gebuer den 21. Juni 1876 zu Bäerdref, a gestuerwen de 17. Dezember 1953 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt.
Seng Elteren haten e Bauerenhaff zu Bäerdref, an den Nicolas war eent vun am Ganzen aacht Kanner. Säint bescheident Akommes huet dem Papp et net erlaabt, dem Jong säin Dram z'erfëllen, fir Architektur ze studéieren.

No senger Primärschoul goung hien an d'Léier op Gréiwemaacher, bei de Jos Frisch, deen Altär gebaut huet. Donieft goung hie sonndes an Zeechecoursen an d'Oberprimärschoul. Säi Schoulmeeschter, de Pierre Olinger, hat séier dem Nicolas säin aussergewéinlecht Talent, haaptsächlech am techneschen Zeechnen, erkannt. Hien, zesumme mam Professer Jean Jerolim, vun der Handwierkerschoul, hunn erreecht datt hien e staatleche Studiesubsid krut.

1896 huet hie säi Studium op der Baugewerkschule zu Holzminden ugefaangen. 1899 huet hien den Examen als drëtte vun 150 Kandidaten ofgeschloss.

Duerno huet hien zu Saarbrécken, Freiburg im Breisgau an zu Wiesbaden an Archtitektebüroe geschafft. Wärend där Zäit huet hien an Zäitschrëften, Artikele vum Karl Schäfer, Dozent op der Technischen Hochschule zu Karlsruhe gelies. Dësen huet a sengen Artikelen d'Meenung vertrueden, datt beim Bau vu grousse Gebaier haaptsächlech op d'Fassade Wäert geluecht an den Interieur vernoléissegt géif. Dës Opfaassung sollt dem Petit seng spéider Wierker beaflossen.

Obschonn den Nicolas Petit net déi néideg Zougangsdiplomer hat, ass et him, duerch säin aussergewéinlecht Talent, gelonge fir als Student zu Karlsruhe accreditéiert ze ginn.

1904 huet hie säi Studium als Diplomarchitekt ofgeschloss.

Duerch seng Participatiounen zu Lëtzebuerg a Concourse vu Pläng fir gréisser Bauprojeten, ënner anerem, dem Cercle, engem neie Garesgebai an engem Fürstepavillon, gouf de Staatsminister Paul Eyschen op den Nicolas opmierksam. Hien huet him proposéiert seng Kandidatur, fir Architekt vun der Haaptstad, ze stellen. 1909 hat hien déi Plaz bis 1941 wou hien, no Ausernanersetzunge mat dem Besatzer, demissionéiert huet.

No der Liberatioun, ënner dem Buergermeeschter Gaston Diderich, koum hien nach fir eng kuerz Zäit op seng fréier Plaz zeréck.

Eng Auswiel vu senge Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. (Nicolas Petit, Ss. 178-179). Imprimerie Saint-Paul. Cote BNL LB 1061.
  • Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 97

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolas Petit – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen