Nicolas Ries
Den Nicolas (och Nikolaus) Ries, gebuer den 28. Oktober 1876 zu Fluessweller a gestuerwen de 7. Mee 1941 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an Editeur, deen ë. a. och ënnert de Pseudonymer Jean Vedruns, Philinthe, Lepékin, Jean de la Cluse oder Vatel-Le-Jeune geschriwwen huet.
Den Nicolas Ries, deen aus enger Wënzer- a Bauerefamill koum, war vu Beruff Enseignant am Lycée. Hien huet Essayen, Romaner, en Theaterstéck, Sach- a Reesbicher, an eng sëllechen Artikele fir Zeitungen an Zäitchrëfte geschriwwen, dorënner am Tageblatt an am Landwirth, an huet och gezeechent.
Hien huet 1923 zu de Matgrënner vu Les Cahiers luxembourgeois gezielt a war bis 1940 hiren Editeur a Redaktiounssekretär. 1934 war hien och Matgrënner vun der SELF. Hie war Member vun den Amitiés françaises, der Alliance française, der APESS an der literarescher Sektioun vum Institut grand-ducal. Ausserdeem war den Nicolas Ries President a Bibliothekar vun de Volleksbildungsveräiner.
Wierker (Auswiel) [änneren]
Essayen
- 1909. Die Luxemburger Sprichwörter : eine kulturgeschichtlich-psychologische Untersuchung. 101 p. J. Schroell, Diekirch.
- 1911. Le dualisme linguistique et psychique du peuple luxembourgeois. Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1910-1911, Gymnase grand-ducal de Diekirch. pp. 3–43. J. Schroell, Diekirch.
- 1911. Essai d'une psychologie du peuple luxembourgeois. 318 p. J. Schroell, Diekirch.
- 1916. Die Grundlagen der Demokratie. 23 p. Gustav Soupert, Luxemburg.
- 1920. Le peuple luxembourgeois. Essai de psychologie. 294 p. 2ième édition revue et augmentée. Éd. Paul Schroell, Diekirch. Imprimerie J. Schroell, Diekirch.
Romaner
- 1936. Le diable aux champs : simple histoire. 262 p. Ed. des Cahiers luxembourgeois. J.P. Worré, Luxembourg.
- 1940. Sens unique. 303 p. Luxembourg : Les cahiers luxembourgeois.
- ëm 1940. Le boxeur impénitent. Manuskript.
Theaterstécker
- 1899. Johann der Blinde oder Ritter und König. Manuskript.
Artikelen
- 1927. Le sourire de Philinthe : propos quotidiens. Anthologie. 238 p. P. Schroell, Luxembourg.
- 1934. Vorstadt-Chronik. An: Société de gymnastique Clausen, 1934. 1884-1934 : Livre d'or édité à l'occasion de son 50me anniversaire. Luxembourg.
- 1939. Panorama de Bourscheid. Les cahiers luxembourgeois : revue libre des lettres, des sciences et des arts, 16, n° 1: 9-22. Luxembourg.
Sach- a Reesbicher
- 1928. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 159 p. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.
- 1928. Das romantische Luxemburg. 159 p. Luxemburger Verlagsanstalt Dr. R. Hausemer, Luxemburg (Luxemburger Kunstdruckerei). [däitsch Iwwersetzung vun: Le beau pays de Luxembourg]
- 1932. Le beau pays de Luxembourg. Zesumme mam Robert Hausemer. 2e éd., 156 p., 165 ill. Impr. artistique luxembourgeoise, Luxembourg.
Weider Publikatiounen
- 1929. Salon de la Sécession : du 29 juin au 15 juillet 1929 : Palais municipal de Luxembourg. 18 p. F. Bourg-Bourger, Luxembourg-Gare. Bedeelegt Kënschtler: Claus Cito, Michel Haagen, Lou Hammerel, Joseph Kutter, Jemp Michels, Harry Rabinger, Auguste Trémont.
Literatur [änneren]
- Conter, Claude D., 2007. Ries, Nicolas. S. 507-508 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.