Nicolas Sarkozy
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Nicolas Sarkozy (mam ganzen Numm Nicolas, Paul, Stéphane Sarközy de Nagy-Bocsa), gebuer den 28. Januar 1955 am 17. Arrondissement vu Paräis, ass e franséische Politiker. Hie war vun 2007 bis 2012 President vun der Republik.
Hie war Minister a President vum Conseil général vum Departement Hauts-de-Seine. Hie war, éier e Staatspresident gouf, och President vun der Union pour un mouvement populaire (UMP).
Bei de Presidentschaftswalen 2007 ass hien de 6. Mee mat 53,06 % vun de Stëmmen zum President vu Frankräich gewielt ginn. Seng Kontrahentin am 2. Tour, d'Ségolène Royal krut der 46,94%.
2012 war hie Kandidat fir erëmgewielt ze ginn, huet d'Walen awer de 6. Mee géint de Sozialist François Hollande verluer.
| Commons: Nicolas Sarkozy – Biller, Videoen oder Audiodateien |