Nicolas Schmit
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Nicolas Schmit. Fir den Architekt, kuckt w.e.g. Nicolas Schmit-Noesen. |
Den Nicolas Schmit, gebuer den 10. Dezember 1953 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergeschen Diplomat a Politiker.
Den Nicolas Schmit huet Economie an Droit zu Paräis studéiert a seng Studien mat engem DEA an Internationale Bezéiungen an engem Doktorat an der Economie ofgeschloss.
Tëschent 1978 an 1979 war hie "Chargé de recherche" an internationale Wirtschaftsbezéiungen op der Universitéit zu Aix.
Vun 1979 bis 1983 war hien Attaché am Staatsministère, ier en dann als Legatiounssekretär an den Ausseministère gewiesselt ass. 1984 gouf hien dem Jacques Poos säi Kabinettschef.
1989 gouf hie Sekretär vun der LSAP-Chambersfraktioun a gouf 1990 Conseiller bei der Stänneger Vertriedung vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun (EU) zu Bréissel.
De 27. Oktober 1991 gouf den Nicolas Schmit Member vum Staatsrot an ass dat bliwwe bis zu senger Demissioun den 30. Juli 2004 fir Member vun der Regierung ze ginn.[1]
Vun 1992 bis 1998 war hien Direkter am Ausseministère an zoustänneg fir auswäerteg Handelsbezéiungen a Kooperatioun.
1998 gouf hien zum Stännege Vertrieder (Ambassadeur) vu Lëtzebuerg bei der EU ernannt.
Tëscht 2004 an 2009 war den Nicolas Schmit Delegéierte Minister am Ausseministère a Ministère fir Immigratioun an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, ass en zënterhier Minister fir Aarbecht an Immigratioun.
Den Nicolas Schmit ass bestuet a Papp vu véier Kanner.