Nicolas Thill (Archeolog)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Archeolog Nicolas Thill. Fir aner Leit mam selwechten Numm, kuckt wgl. Nicolas Thill.
Nicolas Thill
Gebuer 3. Oktober 1885
Hiefenech
Gestuerwen 20. Dezember 1967
Hiefenech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog
D'Plack u sengem Gebuertshaus an der Dellegaass.

Den Nicolas Thill, gebuer den 3. Oktober 1885 zu Hiefenech, an do gestuerwen den 20. Dezember 1967, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Archeolog an Auteur.[1]

Nom Besuch vun der Uewerprimärschoul an der Fiels an der Normalschoul an der Stad Lëtzebuerg war den Nicolas Thill vun 1905 bis 1938 Schoulmeeschter zu Éiter. Hien huet sech fir réimesch a prehistoresch Archeologie intresséiert an huet eng sëllege vu Sichen no Spueren dovun organiséiert. Hie war bei där dobäi, wou de Loschbur-Mann entdeckt gouf.[1]

Hien huet eng ganz Rëtsch Erzielungen iwwer d'Liewe vu prehistoresche Mënschen an iwwer lokal Evenementer oder Anekdoten a Publikatioune wéi de Luxemburger Marienkalender, An der Ucht, Füllhorn, Morgenglocken, Luxemburger Schulfreund a Jonghémecht erausbruecht a Kannerlidder a -geschichte geschriwwen.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolas Thill (Archeolog) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Roger Muller / Josiane Weber: Thill, Nicolas. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 19. Februar 2014 (opgeruff den 2. November 2014).