Nicolaus Cusanus

Vu Wikipedia
Nicolaus Cusanus
Gebuer 1401 jul.
Bernkastel-Kues
Gestuerwen 11. August 1464 jul.
Todi
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit vu Padua,
Universitéit vun Heidelberg,
Universitéit vu Köln
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Diplomat, Philosoph, Schrëftsteller, kathoulesche Priister, Theolog, Jurist, Politiker, kathoulesche Bëschof
D'Gebuertshaus vum Nicolaus Cusanus zu Kues

Den Nicolaus Cusanus, gebuer 1401 zu Kues a gestuerwen den 11. August 1464 zu Todi, war en däitsche Philosoph, Theolog, Mathematiker a Kierchepolitiker.

Hien huet fir d'éischt 1416 zu Heidelberg déi Siwe fräi Kënscht studéiert, éier hien dat Joer drop, 1417, op Padua gewiesselt ass, wou en e Studium vum Kiercherecht ugefaangen huet. 1423 huet hie säi Studium mat dem Titel vun engem doctor decretorum ofgeschloss.

Tëscht 1432 a 1436 war hien um Konzil vu Basel dobäi, wou hien ënner anerem eng politesch Schrëft mam Titel De concordantia catholica geschriwwen an op d'Verbesserung vum julianesche Kalenner hi geschafft huet. De Cusanus war am Ufank e Vertrieder vun der Konzilspartei déi dofir agetrueden ass, datt de Konzil - änlech wéi e Parlament - déi wichtegst kierchepolitesch Entscheedunge misst huelen, an en doran e Virrecht virum Poopst sollt hunn. Well awer de Konzil sech iwwer verschidde wichteg Froe selwer net eens gouf an en sou net mat senge Reforme weiderkoum, huet den Nicolaus sech 1437 op d'Säit vun der Poopstpartei geschloen. Dëst haaptsächlech am Hibléck op eng eventuell Unioun mat der Ostkierch. De Poopst Eugen IV. huet de Cusanus mat deem Objektiv dunn och am selwechte Joer nach, zesumme mat anere Kierchendiplomaten, op Konstantinopel geschéckt, wou mat de Vertrieder vun der griichescher Kierch an dem Keeser verhandelt gouf. Déi hu sech, an der Haaptsaach ënner dem politesch-militäreschen Drock, deen duerch d'Belagerunge vu Konstantinopel duerch d'Tierken do war, iwwerriede gelooss fir zesumme mat de Vertrieder vun der réimesch-kathoulescher Kierch e gemeinsame Konzil zu Ferrara a spéider zu Florenz z'organiséieren. Dëse Konzil gouf dunn och 1439 ofgehalen, mam Resultat datt d'Trennung tëscht der Ost- an der Westkierch opgehuewe gouf. Dës Reunioun vun den zwou europäeschen Haaptkierchen am Mëttelalter sollt allerdéngs nëmme knapps zwee Joer halen!

Mä trotzdeem huet dësen diplomateschen Erfolleg dem Cusanus senger Karriär Opdriff ginn, an hie gouf als Vertrieder vum Poopst bei de Reichstagen an Däitschland agesat. An dëser Funktioun huet hien ë. a. tëscht dem Poopst, dem réimesche Keeser an de Fürste vum réimesche Räich vermëttelt. Am Joer 1448 hu seng Beméiunge sech am Wiener Konkordat niddergeschloen. Fir säin Engagement gouf de Cusanus nach am selwechte Joer zum Kardinol erhuewen. De Poopst Nikolaus V. huet hien 1449 dunn och nach zum Bëschof geweit, an him - allerdéngs géint de Wëlle vum Doumkapitel an dem Herzog vun Tiroul - de Bistum Brixen iwwerdroen. Donieft huet den Nikolaus V. de Cusanus an de Jore 1450 bis 1452 op Däitschlandlegatioun geschéckt mam Optrag, engersäits d'Jubeljoer ze verkënnegen an anerersäits och d'Kierch an d'Kléischter ze reforméieren.

1438 gouf hien Doumhär zu Léck.

De docta ignorantia[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. Februar 1440 schreift den Nicolaus Cusanus a sengem Gebuertshaus zu Kues säin éischte philosophesch-theologeschen Traktat fäerdeg. En dréit den Titel De docta ignorantia (Iwwer déi beléiert Onwëssenheet). Dëst Wierk besteet aus dräi Bicher. Dat éischt beschäftegt sech mat der Onendlechkeet vu Gott an engem geometresche Wee, deen iwwer de Prinzip vun der coincidentia oppositorum, d. h. den Zesummefall vun de Géigesätz, zu enger Gotteserkenntnes an der beléierter Onwëssenheet z'erreechen. Dat bedeit, datt een op déi Aart a Weis e Wësse kann erreechen, datt Gott ass, awer et dem Mënsch verwiert bleift, ze wëssen, wat Gott ass. Als Argument bréngt de Cusanus hei d'Beispill vum Kreesëmfang - also eng gekrëmmt Kurv -, dee sech bei enger Vergréisserung vum Kreesduerchmiesser bis an d'Onendlecht ëmmer weider senger Tangente - enger Droite - upasst. Am Onendlechen hieft sech deemno de Géigesaz vu kromm a riicht op, déi am Endleche verschidde Saache falen aneneen. Dat ass e Bild fir d'Relatioun tëscht dem Mënsch, dee mat ville Saache konfrontéiert ass, déi en ënnerscheet, a Gott, an deem alles an enger Eenheet zesummefält.

Dat zweet Buch befaasst sech mam Universum, dat de Cusanus als eng Ausfalung an der Villfalt vun der Eenheet déi sech agefaalt a Gott ass. Als Konsequenz heivun ergëtt sech eng Onbegrenztheet, oder eng kontrahéiert Onendlechkeet, vum Universum. Doraus erhält hien, datt d'Welt, well se ebe praktesch onendlech ass, keen Ëmfang an och kee Mëttelpunkt kann hunn. Wann awer kee Mëttelpunkt do ass, da gëtt et am Universum och kee Punkt an deem d'Beweegung minimal ass, d. h. deen onbeweegt ass. Also kann och eis Äerd net onbeweegt am Mëttelpunkt vun der Welt stoen, wéi z. B. den Aristoteles, a mat him déi ganz Spéitantiquitéit an d'Mëttelalter, sech et geduecht hunn.

Am drëtte Buch behandelt de Cusanus de Mënsch. Dësen ass e Mikrokosmos, d. h. e vereenegt a sech déi materiell an déi geeschteg Welt. Dëst bedeit, datt eleng de Mënsch eng Mëttelpositioun tëscht der Welt a Gott, deen d'Welt transzendéiert, kann anhuelen. Mä wéi am éischte Buch gewisen, kann dat net egal wéiee Mënsch sinn, dee sou eppes fäerdeg bréngt, ma et muss e Mënsch sinn, an deem sech déi gëttlech Vernonft, d. h. de verbum Dei, inkarnéiert. Dës huet sech dem chrëschtleche Glawen no, an der Persoun vu Jesus Christus vollzunn, deen duerch d'Hierstellung vun enger "hypostatescher Unioun", d'Verbindung tëscht der Welt a Gott nees hiergestallt huet, a sou der Mënschheet den Opstig zum Gëttleche soll weisen.

D'Wierk iwwer d'docta ignorantia huet de Cusanus sengem Studiekolleg vu Padua an dem Viersëtzende vum Basler Konzil, dem Kardinol Giuliano Cesarini, zougeeegent. Am Bréif un den Cesarini um Enn vum drëtte Buch faasst de Cusanus seng Iddi nach eng Kéier zesummen: "Empfenk elo, veréierungswierdege Papp, wat ech schonn méi laang op de verschiddenste Weeër vun de Léiermeenungen ugestrengt ze fanne probéiert hunn, awer net éischter konnt fannen, éiert ech op menger Réckrees aus Griicheland um Wee iwwer d'Mier dohi komm sinn - menger Meenung no duerch e Cado vum Himmel vum Papp vun de Liichter, vun deem all Guddes ginn ass -, dat Onbegräfflecht an enger net begräiffender Weis a beléierter Onwessenheet z'erfaassen am Iwwerwannen (per transcensum) vun den onvergängleche Wourechten, déi dem mënschleche Wëssen nëmmen erkennbar sinn." D'Réckrees, op déi den Nicolaus hei uspillt, ass d'Rees vu Konstantinopel zeréck an Italie mat der griichescher Delegatioun am Kader vu senger diplomatescher Missioun am Virfeld vum Uniounskonzil.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Historesch-kritesch Editioun[änneren | Quelltext änneren]

Nicolai de Cusa opera omnia. Dës Editioun ëmfaasst déi philosophesch, theologesch, mathematesch, staats- a kierchpolitesch Schëften an all déi 293 Priedegten, déi erhale sinn. Virgesi sinn eng 20 Bänn. Kënnt beim Felix Meiner Verlag eraus am Optrag vun der Heidelberger Akademie der Wissenschaften.

  • Band I: De docta ignorantia, 1932 (vergraff)
  • Band II: Apologia Doctae Ignorantiae, 2007 (2. Oplo), XXXIV + 51 Säiten,
  • Band III: De coniecturis, 1972
  • Band IV: De deo abscondito – De quaerendo deum – De filiatione dei – De dato patris luminum – Coniectura de ultimis diebus – De genesi, 1959
  • Band V: Idiota de sapientia – Idiota de mente – Idiota de staticis experimentis, 1983
  • Band VI: De visione dei, 2000
  • Band VII: De pace fidei. Cum epistola ad Ioannem de Segobia, 1970
  • Band VIII: Cribratio Alkorani, 1986
  • Band IX: Dialogus de ludo globi, 1998
  • Band X/1: De aequalitate – Vita erat lux hominum, 2001
  • Band X/2: De theologicis complementis, 1994
  • Band XII: De venatione sapientiae, De apice theoriae, 1982 (vergraff)
  • Band XIII: Directio Speculantis Seu de Non Aliud, 1944 (vergraff)

De Cusaner an der Philosophische Bibliothek Latäin/Däitsch[änneren | Quelltext änneren]

  • Philosophisch-theologische Werke, 4 Bänn an enger Kassett mat den Haapttexte vum Cusa^ner
  • De venatione sapientiae / Die Jagd nach Weisheit
  • Idiota de mente / Der Laie über den Geist
  • De docta ignorantia / Die belehrte Unwissenheit
  • Idiota de sapientia / Der Laie über die Weisheit
  • De docta ignorantia / Die belehrte Unwissenheit
  • De apice theoriae / Die höchste Stufe der Betrachtung
  • Dialogus de ludo globi / Gespräch über das Globusspiel
  • Compendium / Kompendium
  • De coniecturis / Mutmaßungen
  • Cribratio Alkorani / Sichtung des Korans, 3 Bänn
  • Tu quis es / Über den Ursprung
  • De beryllo / Über den Beryll

Biographien[änneren | Quelltext änneren]

  • Kurt Flasch: Nicolaus Cusanus. Beck Verlag. München 2005 (2. Oplo)
  • Erich Meuthen: Nikolaus von Kues 1401-1464. Skizzen einer Biographie. Aschendorff Verlag. Münster 1964
  • Gabriele Neusius: Nikolaus von Kues (1401-1464). Ein bewegtes Leben. Kunstverlag Josef Fink. Lindenberg 2001
  • Norbert Winkler: Nikolaus von Kues zur Einführung. Junius Verlag. Hamburg 2001
  • Walter Andreas Euler & Tom Kerger (Editeuren): Cusanus und der Islam ; Tréier (Paulinus Verlag), 2010; 156 Säiten; ISBN 978-3-7902-0228-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]