Nicole Cooke

Vu Wikipedia
D'Nicole Cooke am Stouss zu Marchin bei der Flèche wallonne fir Dammen 2010.

Nicole Cooke MBE, gebuer den 13. Abrëll 1983 zu Swansea, ass eng walisesch Vëlossportlerin, déi haut zu Lugano an der Schwäiz lieft.

Hire Palmarès op grousse Courssen huet 2000 ugefaange wéi se Juniorweltmeeschterin op der Strooss gouf.

Am September 2007 huet si missen um Knéi operéiert ginn. Dat Joer ass si dofir nëmmen op der 34. Plaz an der leschter Course vun der Coupe du Monde, dem Tour ëm d'Nürnberger Alstad agelaf. Mat deem Geschéck gouf d'Marianne Vos Coupegewënnerin dat Joer.

Trotz enger Saison 2008, an där se net vill gefuer war, konnt se d'Stroossecompetitioun op den Olympesche Spiller zu Peking gewannen, grad sou wéi d'Stroosseweltmeeschterschaft zu Varese.