Niederkail

Vu Wikipedia

Niederkail ass en Duerf an der Äifel am Landkrees Bernkastel-Wittlich (Rheinland-Pfalz) mat ëm déi 650 Awunner (2011)[1].

Fréier eng Gemeng fir sech, ass Niederkail zënter 1975 nëmmen nach en Uertsdeel vun der Uertsgemeng Landscheid, déi hirersäits zu der Verbandsgemeng Wittlich Land, déi 1970 geschaf gouf, gehéiert.[2]

An engem Dokument vun 1070 ass en éischten Hiwäis op Niederkail ze fannen, an zwar als Wunnsëtz vum Edelmann Godefried von der Keyle, deen do zwou Waassermillen am Betrib hat, eng um ieweschten an eng aner um ënneschte Laf vum “Kailbach”.[3] An engem Dokument aus dem Joer 1211 geet rieds vun engem “Geradus de Kele”, deen e Prozess géint d'Abtei Himmerod féiert wéinst engem Terrain uefzeg vun “Kele et Langescheit” (Niederkail a Landscheid).[4]

Eng vun de bekannte Perséinlechkeete vun Niederkail ass den “Eifeldichter” Peter Zirbes, deen do 1825 gebuer gouf an och do 1901 gestuerwen ass, mä zu Landscheid begruewe gouf[5], well Niederkail kee Kierfecht hat. Ufanks vun den 1970er Joren huet d'Gemeng Landscheid säi fréiert Wunnhaus zu Niederkail kaaft, dono renovéiert an e Musée doraus gemaach.[5] Zu Niederkail gëtt et och eng Strooss, déi säin Numm dréit.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Freiwillige Feuerwehr Niederkail & Markus Lautwein 2013.
  2. Hesse & Wisniewski 1990, S. 539 a S. 1184.
  3. Erste Erwähnung von Niederkail
  4. Hesse & Wisniewski 1990, S. 1218.
  5. 5,0 5,1 Bales, U., 2014. Peter Zirbes. 2. durchgesehene Auflage. Rhein-Mosel-Verlag, Zell/Mosel, S. 471.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]