Niewemound

Vu Wikipedia
En Halo ëm de Mound mat zwéin Niewemounden, iwwer dem Observatoire vun der Universitéit vun Alberta a Kanada, de 27. Mäerz 2010. De Mound war zu ronn 94 % beliicht.

En Niewemound ass en Haloevenement, dat duerch d'Refraktioun vum Moundliicht an Äiskristallen an der Troposphär ausgeléist gëtt.

Analog zu den Niewesonnen trëtt d'Evenement mat engem Ofstand vu ronn 22° béidsäiteg vum Mound, an an der Reegel nëmme bei enger Bedeckung mat Cirrus- oder Cirrostratuswolleken op, kann awer prinzipiell och vun Äiskristallen an niddreger Héicht (z. B. Polarschnéi) ausgeléist ginn. Niewemounde si méi rar wéi Niewesonnen, well de Mound méi eng kleng Liichtstäerkt wéi d'Sonn huet. Si sinn dofir och meeschtens nëmme bei Vollmound ze gesinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]