Niewesonn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Béidsäiteg Niewesonnen zu Fargo, North Dakota
Niewesonnen zu Orange (Frankräich) - 22. August 2013
Riets Niewesonn mat Reeboufaarwen

Niewesonnen oder Parhelia (Eenzel Parhelion, vum griicheschen παρά pará - „niewen“ an ήλιος hélios - „Sonn“) gehéieren zu den Haloevenementer. Si sinn op enger Distanz vu ronn 22° lénks oder riets, heiansdo och och op béide Säite nieft der Sonn ze gesinn. Den Observateur huet dobäi den Androck, nieft der Sonn géif nach eng zweet, méi schwaach stoen. Am Englesche gi s'als sun dogs (Sonnenhënn) bezeechent. Dat spigelt den Ëmstand zréck, datt Niewesonnen ëmmer op der Säit vun der Sonn an op derselwechter Héicht mat hir stinn. En ähnlecht Liichtevenement kann een och beim Mound observéieren. Den Niewemound gesäit een allerdéngs wéinst senger méi schwaacher Liichtstäerkt méi rar, meeschtens nëmme bei Vollmound.

Verursaacht ginn Niewesonne wéi all Haloevenementer duerch Refraktioun a Spigelung vum Liicht an hexagonalen Äiskristallen. Fir Niewesonne sinn dobäi dënn Äisplacke verantwortlech, déi sech a roueger Loft horizontal ausriichten. Si stelle fir d'Sonneliicht e Prisma duer. Dat wäisst Sonneliicht trëtt op enger Plaz vun dësen Äisprismen an an op der iwwernächster Säit nees eraus. Beim An- an Austrëtt gëtt d'Liicht an engem Wénkel gebrach, dee vun der Wellelängt ofhänkt. Doduerch kritt d'Niewesonn Faarfverlaf deen un e Reebou erënnert.

Niewesonnen déi op engem säitlechen Ofstand vun 120° zu der Sonn um Horizontalkrees stinn, si méi rar. Déi erschéngen dem Observateur als wäiss Flecken. De Strahlengank vum Liicht duerch d'Äiskristaller ass bei hinnen anescht wéi bei de 22°-Niewesonnen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Niewesonn – Biller, Videoen oder Audiodateien