Niger (Floss)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Floss Niger. Fir d'Land, kuckt w.e.g. Niger. |
| Niger | |
| Längt | 4184 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
490 m |
| Duerchschnëttsdebit | 6000 m³/s |
| Fläch vum Baseng | 2.261.763 km² |
| Leeft an: | Nigerdelta, Golf vu Guinea |
| Floss - Hydrologie | |
Den Niger ass e Floss a Westafrika. En ass mat 4.184 km den drëttlängste Floss vum Kontinent, nom Nil an nom Kongo. Den Niger fléisst an engem risegen Hallefkrees duerch fënnef Staaten: en entspréngt am Fouta-Djalon a Guinea a fléisst duerno duerch de Mali, den Niger, de Benin an Nigeria, wou e schliisslech an engem 200 km breeden Delta an de Golf vu Guinea leeft.
| Commons: Niger (Floss) – Biller, Videoen oder Audiodateien |