Night & Day

Vu Wikipedia
Entête vun Night & Day

Night & Day war eng lëtzebuergesch Gratiszäitschrëft an där et haaptsächlech ëm d'Nuetsliewe zu Lëtzebuerg gaangen ass. Si gouf 2010 vum Pierre-Jean Beaux an dem Sébastien Michel gegrënnt an ass siwemol am Joer eraus. D'Oplo louch am Mee 2012 bei 20.000 Eenheete, déi op 550 Plazen am Land verdeelt oder ugebuede goufen, wéi zum Beispill Caféen, Restauranten oder Kinoen.[1]

Déi lescht Ausgab war d'Ausgab Nummer 20 am Hierscht 2013. De 27. Januar 2014 ass d'Firma Mediamag S.A, déi Night & Day erausbruecht huet, faillite gaangen.[2]

Night & Day war op Franséisch, mä verschidde Rubricke waren op Lëtzebuergesch iwwersat. Si war op Leit tëscht 15 a 40 Joer ausgeriicht.

Hire Sëtz war um Lieu-dit "Um Kläppchen" zu Uespelt.[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. keepcontact.lu (19. November 2010; gekuckt de 6. Juni 2012)
  2. 2,0 2,1 Paperjam: L'éditeur de Night & Day fait faillite (28. Januar 2014)