Nikloskapell zu Weiler

Vu Wikipedia
Kapell vu Weiler (Pëtschent)
Kapell vu Weiler (2015)

Kapell vu Weiler (2015)
Kapell vu Weiler (2015)
Uertschaft / Plaz Weiler
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Koordinaten 49° 57’ 45.6’’ N
      06° 07’ 20.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskapell zu Weiler ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Pëtschent gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der Haaptstrooss, dem CR320, an der Housenerstrooss (rue de Hosingen). Ronderëm d'Kapell ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 28. Oktober 2022 gouf s'als nationale Kulturpatrimoine klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Mierschent hunn ausser der Kapell vu Weiler och nach d'Parkierch vu Mierschent, d'Filialkierch vu Grooljen an d'Kapell vun Nuechtmanescht gehéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskapell zu Weiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).