Nikloskierch zu Lampech

Vu Wikipedia
Kierch vu Lampech

Uertschaft / Plaz Lampech
Par Mess–Réibierg
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Konsekratioun 1782
Koordinaten 49° 33’ 30.04’’ N
      5° 58’ 46.05’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskierch zu Lampech ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Mess-Réibierg Sainte-Famille zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Reckeng op der Mess gehéiert.

De Patréiner ass den hellegen Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Mëtt vu Lampech op engem Terrain tëscht dem CR106 (rue Centrale), dem CR178 (rue de Reckange) an der rue du Ruisseau. Direkt nieft der Kierch ass de Kierfecht.

Op der Nordsäit vun der Kierch steet en aalt Weekräiz an zimmlech schlechtem Zoustand.

Uewen op der Westsäit (Agangssäit) vun der Kierch ass e Relief ubruecht mat enger Kroun, de Wope vun der Famill de Geisen, an engem laténgeschen Text mat der Joreszuel 1780.

Nieft dem Agank vun der Kierch ass eng Marberplack ubruecht zum Undenken un zwéi franséisch Zaldoten, engem Offizéier an engem Sergeant vum 4. Regiment vun de marokkanesche Spahis, déi do den 10. Mee 1940 gefall sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskierch zu Lampech – Biller, Videoen oder Audiodateien