Nikolai Dmitrijewitsch Selinski

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Nikolai Selinski)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Selinski op engem russesche Käppchen

Den Nikolai Dmitrijewitsch Selinski (op kyrillesch: Никола́й Дми́триевич Зели́нский), gebuer de 6. Februar 1861 zu Tiraspol am deemolege Fürstentum Moldawien a gestuerwen den 31. Juli 1953 zu Moskau, war e russesche Chimist. Zënter 1929 war hie Member vun der russescher Wëssenschaftsakademie

De Selinski huet zu Odessa studéiert, duerno ass hien op d'Universitéit vu Leipzig an op d'Universitéit vu Göttingen gaang. Mam Viktor Meyer huet hien zu Noworossisk promovéiert (1891). Duerno war hie bis zu senger Pensioun Professer op der Universitéit vu Moskau.

Inhaltsverzeechnes

Wëssenschaftlech Aarbecht [änneren]

De Selinski huet wichteg Aarbechten am Beräich vun der organescher Katalys geleescht. Hie gëllt als den Erfinder vun der Gasmask (1915) mat Aktivkuelefileter.

An Zesummenaarbecht mam Alexei Balandin huet de Selinski och an der Petrochimie gefuerscht. Do huet hien eng katalytesch "Neibildung" vun Alkanen a Cycloalkanen zu aromatesche Kuelewaasserstoffer duerch Dehydrogenéierung entwéckelt.

Éierungen [änneren]

De Moundkrater Zelinskiy dréit säin Numm.

Hie krut 1940, 1945 an 1946 de Leninuerden. 1942, 1946 an 1948 gouf hie mam Stalinpräis ausgezeechent.


Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Commons: Nikolai Dmitrijewitsch Selinski – Biller, Videoen oder Audiodateien